Diskussioun:Lëscht vun Humanisten aus dem Meuse-Musel-Raum

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

Vläicht sollt een dës Lëscht anescht nennen, a liicht erweideren. Z.B.: "Lëscht vu bedäitende Lëtzebuerger am Zäitalter vum Humanismus"... Ech brauch Hëllef, merci. Ben

Op anere Plazen gouf schonns diskutéiert, datt de Begrëff "Lëtzebuerger" an der Renaissancezäit net vill heescht, resp. en Anachronismus ass. Selbsversdtändlech kann/soll d'Lëscht erweidert ginn, wann Een sech do auskennt, an d'Artikelen zu deene Leit sinn och méi wéi wëllkomm. Nëmmen duer. --Zinneke 15:19, 14. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Re-salut, Mee soll een net einfach de Begrëff "Lëtzebuerger" ëmmer esou opfaassen, wéi en am jeweilege Moment opgefaasst konnt ginn? 't geet jo net drëms eis heiteg Nationalitéit/Identitéit/... no hannen ze projezéieren! Ech hu kee Problem domadden, datt de Blannen Theis, de Marquis du Pont d'Oye, de Lamorménil oder de Schetzel "Lëtzebuerger" waren, egal, iwwregens, ob se lëtzebuerger Däitsch oder ee romaneschen Dialekt doheem geschwat hunn. Wann d'Fransousen d'Jeanne d'Arc als "franséisch" bezeechnen, menge si jo och net, dat d'Pucelle d'Orléans déi heiteg franséisch Nationalitéit hat. Dobäi koum si aus dem "Barrois mouvant", enger Géigend, also, déi dee Moment nach net wirklech zu Frankräich gehéiert huet. Och de Napoléon Bonaparte ass als Fransous gebuer ginn. Seng Heemechtsinsel war ee Jor virdrun vun der Republik Genua u Frankräich ofgetruede ginn. Datt dee gudde Mann laang ee korseschen Accent hat, an datt een der Corse bis haut eng gewëssen "Italianitéit" (sproochlech-kulturell) net kann ofstreiden, ännert näischt un der Saach. Richteg, dogéint, ass, datt de Willibrord ni engem "Lëtzebuerger" iwwert de Wee gelaf ass. Mee sou séier wéi et ënnert irgend enger Form ee Gebidd gouf/gëtt, dat "Lëtzebuerg" genannt gëtt, gëtt et och "Lëtzebuerger". Ech perséinlech si mer ëmmer bewosst, wann ech op Montmédy, op Buerg-Reiland, op Diddenuewen, op Manderen, op Waasserliesch, op Marche-en-Famenne, asw. fueren, datt ech irgenswéi an der "lëtzebuerger" Geschicht sinn. An ech si keen Nostalgiker vum Herzogtum a senger gréisster Ausdeenung (1354/64 -> 1659). Mat Irredentissem huet mäi Geschichtsbewosstsen also glat näischt ze dinn. Mee dofir verzichten ech awer och op näischt, wat irgenswéi zur Lëtzebuerger Vergaangenheet gehéiert. 't ass jo och soss net ze verstoën, z.B., datt d'Franséisch, als Sprooch, bei äis ni eng Friemsprooch war. An am 18. Jh. war een Awunner vun Orchimont oder vun Houffalize "Lëtzebuerger", a net manner wéi een Awunner vu Réimech oder vun Esch-Uelzecht. Hie war "Lëtzebuerger", well en net Lécker, Loutrénger, Tréierer oder Brabanter war, a well säin direkten Här sech Herzog vu Lëtzebuerg genannt huet. Sou, dat heiten ass erëm méi laang ausgefall ewéi gewollt, mee 't kënnt een elo vläicht awer ufänken, sech méi "tolerant" mam Begrëff "Lëtzebuerger" ze beschäftegen, oder? Ciao, Ben