Diskussioun:Lëscht vun de Lëtzebuerger Wopen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wirklech nëmme Wopen vun de Geméngen héihinner? Ech denken un d'Armoiries héraldiques vum Groossherzog, mais awer och d'Wopen vun der Police, der Arméi, etc, etc ? --Pasbal 10:25, 12 Februar 2006 (UTC)

Alles, wat net ugeneelt ass.
Du hues absolut Recht mat de Wope vun der Police an deeës méi. Looss et rullen, et ass nach vill Plaz um Server. Mee awer mol eng Erklärung, firwat dat su ausgesäit wéi: Um Ufank wollte mer d'Wope vun de Gemengen erasetzen an do koumen Zweiflen op, wéi dat mat de Lizenze wier. A doropshin ass dat Ganzt un d'Hale komm. Gutt datt s de nofreess. --Cornischong 11:36, 12 Februar 2006 (UTC)

"Wéi dat mat de Lizenze wier"? Ech ka mer nët vierstellen, dass eng Geméng e Problem dermat huet, dass hiert Wopen um Wikipedia ass. Op den Armoiries héralidiques gin et keng Lizenzen - et därf een se just net vir egal wat benotzen (z.B. op säin Auto pechen), mais och hei kann ech mer nët vierstellen, dass den Hofmarschall e Problem dermat huet, wa mir dem Groossherzog säi Wopen heihinner setzen - et ass souwisou schons op legilux, well d'Wopen ass duerch Gesetz vun 1979 (à confirmer) définéiert. - Soubal ech derzou kommen schaffen ech drun! --pasbal 11:50, 12 Februar 2006 (UTC)

Ech wollt der just de reale Grond soen, wéinst wat dee Schantje brooch louch. Gutt datt s de do urapps. --Cornischong 11:56, 12 Februar 2006 (UTC)

Heescht dat elo emgekeiert och, dass ech dei Biller elo kann an dei Däitsch Wiki afuegen? Mat dem ganzen Lizensengedeesems kennen ech mech net esou aus. An Däitschland därf en dei Däitsch Woopen jo benotzen, mee wei ass et wann en Letzebuerger Woopen an enger Däitscher Wiki benotzt (an dat dann och nach vun engem Computer aus den an der Schwäiz steet)?

--81.62.62.64 11:19, 27 Abrëll 2006 (UTC)

An der däitscher wäert den Historiograf dech an den Aarschbak bäissen, wann s de mat esou eppes kënns :-) Mee fro deen emol. --Cornischong 11:37, 27 Abrëll 2006 (UTC)


Alles wat op irgendenger Wiki steet, dierf theoreetesch op eng aner Wiki verplanzt ginn. Dat ass de Wiki-System :) --Briséisβρισεισ 12:26, 27 Abrëll 2006 (UTC)
Looss mer dat emol ganz frëndlech soen: Wa mer keng Ahung hunn, wéi et mat de Wopen hei ass, a se mol drasetzen, da feelt et wierklech nach, datt ee behaapt, dat "dierf theoreetesch op eng aner Wiki verplanzt ginn" et geet hei drëm ob et "PRAKTESCH" däerf. --Cornischong 13:01, 26 Mee 2006 (UTC)

" .. scheint auf jeden Fall ..."[Quelltext änneren]

Wann dat esou wier, da wieren op der däitscher Wikipedia net esou enorm vill Diskussiounen iwwer d'Biller vun Timbren, vu Geldschäiner, Editio princeps, vu Panoramafräiheet a.s.w. A wann dat esou wier, da stéingen op all Wikipedia Fotoe vum Atomium, wat elo ganz kloer net de Fall ass!! Da géifen och keng Bauerespréch am Stil vun "Das Münstersche Siegel scheint auf jeden Fall gemeinfrei zu sein" vum Historiograf do ze stoen. Da kéinte se do op zweedeiteg Donnéen wéi "Umstritten ist die Rechtslage für Gegenstände, die sich innerhalb geschlossener Räume, wie zum Beispiel in Museen oder Ausstellungen, befinden." oder "Manche deutschen Juristen vertreten die Ansicht, dass bei Gemäldereproduktionen sehr wohl ein geschütztes Lichtbild entsteht" verzichten. Alles kloer?? --Cornischong 12:49, 27 Abrëll 2006 (UTC)

Sorry fier de spillverdiewer ze sinn, mee ech sinn der Meenung dass effektiv e copyright ob deene Wopen (de Biller dervun) ass. Esou wei et ausgesait stammen se zumindest zum Deel aus dem Armorial Communal du grand Duché de Luxembourg deen de copyright (c) J. A. Fisch, Luxembourg 1989 drait. D'Wope selwer sinn natierlech eng aaner sach. Ech si gerad amgaang en serie Wopen fier verschidden wikipedia siten ze zeechnen. Ech haat do och welles dei Letzebuerger Gemenge Wopen (an soss nach lokal Wopen) ze maan. Hunn dann haut gesinn dass et des schons gett (a scheinbar aus dem Armorial sinn). Fier de Moment dann waert ech mech als eischt em Belsch Wopen kemmeren, wann dann e bedarf oder eng emfro hei ass kann ech och nach dei Letzebuerger uploaden (ech zeechnen se eh).--Caranorn 19:01, 14 September 2006 (UTC)

"ech sinn der Meenung dass effektiv ..." schreift d'Caranorn hei. Dozou "mengt" den Dictionniare: "Mengen a Botterschäissen ass zweeërlee". Soll dat Wuert "effektiv" d'Meenung verstäerken? An dann: "a scheinbar aus dem Armorial sinn". Wa se "scheinbar" doraus sinn, da sinn s'et jo net. Den Tedektif réit: All Dag e puer Säite vum Karl Kraus virum Schlofegoen. --Den Tedektif 06:47, 15 September 2006 (UTC)
Ech gesinn du bass keen daer frendlecher. Wanns de wells machen ech mer dann d'Mei dei Wopen Bild fir Bild ze vergleichen. Ech ginn dervoun aus dass ech der dann esouguer bewaise keint dass et sech em Kopien aus deem Armorial handelt. Mee esou lang ech deen Bewais net hunn waert ech och keen direkt enges Plagiat's bezischtegen (iwwregens net deen deen se hei erop gelued an agelinkt huet, deen deen se ob sai site gesaat huet a behaapt en haet e copyright dervier). Iwwregens schreiwen ech Letzebuergesch esou wei ech et schwaetzen, vun daer mieser Schoul Educatioun ass ob deem Gebiet bei mier naicht mei iwwreg, daat ass och de grond virwaat ech net welles hunn vill un den Artikele selwer ze aenneren.--Caranorn 10:44, 15 September 2006 (UTC)

Ech sinn grad derbei mat vill Léift eng GFDL versioun vun den Wopen vun den Lëtzebuerger Gemengen ze machen an se ob Commons ze scheffelen [1]. Kitt dass Commons hei net esou beéift sinn, mee mier passt dat besser an den Krom. Ech sinn ereischt an der Hallschent an et mussen bei verschiddenen warscheinlech och nes Detailer korrigéiert ginn, mee déi éischt vun Bascharage bis Echternach sinn genémecht. Wéins den Korrektiounen wier et och gudd wann d'Biller ob d'Commons géingen verlinkt ginn. Geläscht ginn se do bestëmmt net, ech wéisst net fierwaat. Amen Spanish Inquisition 07:08, 25 September 2006 (UTC)

Introibo. Déi nei Wope gesi sech ganz gutt un. Et ass vläicht e bësse Schued, datt esou vill Leit parallel dru schaffen. Eng Serie géif jo duer goen. Déi Saach mat de Lizenze wiisst mär op alle Fall iwwwer de Kapp well do vill Leit vill mengen. Mee soit. Dann hunn ech nach eng kleng Fro. Dës Wope sinn am png-Format. A leschter Zäit schwieren der vill op svg-Dateien. Eng simpel onpolemesch Fro: Firwat méchs de se am png, an net am svg? "Kitt dass Commons hei net esou beléift sinn": - De Beléiftheetsgrad fält bei mär mat der Zuel vun den Illustratiounen, déi "op ee Mol" "fort" sinn. Nodeems se méintelaang an der Rei waren, mengt ganz op eemol iergendeen, hie wier beruff, dat an dat Bild elo ze läschen, selbstverständlech ouni e Grond unzeginn. Eng grouss Roll spillt op alle Fall d'Zuel vun eise Mataarbechter, déi et net erlaabt och nach op de Commons ze mëschten. Fuer roueg weider mat de Wopen, well Saachen, déi "mat vill Léift" gemaach si ginn, sinn zimmlech seelen op de Wikien. --Cornischong 08:05, 25 September 2006 (UTC)


Ech wars mir net bewosst dass nach aner Leit en selwechten Projet hun, mee ech hat dovun néierenswou eppes gesinn. Soit, ech späicheren meng versiounen ëmmer am png, well mäin Fotosboutek keen .svg kann. Fro mech net fierwaat, Computeren kennen mech net leiden. Commons hun Fier an Nodeler. Däin Awand ass ganz gerechtfertegt, mee den Vierdeel ass och, dass nemmen eng Versioun dorëmmer spazéiert an manner Platz ewech helt. An zweetens ginn se all an iwerall mateneen geännert falls ech eng korrigéiert Versioun eroplueden. Een mat der Deletomanie hun ech och schons begéint. Ass eng komesch Krankheet hei. Ech schloen fier, dass Du Dier vielleicht déi Dateien ob Däin Computer eroflueds. Dann kannsDe se nees erobliueden wann se ob den Commons verschwennt, waat ech zwar bezweifelen. Grouss Spanish Inquisition 10:47, 25 September 2006 (UTC)


Daat mam Spanish Inquisition a mier ass koordineiert, ech maache fier de Moment nemmen Belsch Wope, dono kucken ech weider. Waert aawer secher keng zweet serie vun Letzebuerger Gemengewope zeeschne.--Caranorn 14:44, 25 September 2006 (UTC)


nei billercher[Quelltext änneren]

  • Waat déi zwee Wopen bei Kiischpelt ubelaangt. Ob der Houmpéidsch vun der Gemeng sinn déi zwee als offiziell obgezielt. Dofier hun ech och déi zwee an déi Lëscht gesaat.
  • ëm, gesäit en vun ierch den wopen vun reiser oder ass den nemmen bei mier verschwonnen? An der Programmatioun vun der Säit ass d'Bild jiddenfalls dran....
  • Jo, den Tip vun Rëmeleng gesäit aus ewéi en Portugiis. Dat ass EXPRESS... :-)

cheers Spanish Inquisition 21:17, 30 Oktober 2006 (UTC)

Salut, souwait ech daat gesinn huet Kiischpelt nach kee Wopen a gëtt déi zwee aal vu Kautebach a Welwerwoltz un. Daat ass dann fier elo och anderai. Hoffen se hunn séch schons en néien ugefrot. Déi zwee aal sinn nët all ze glecklech gewielt gewiecht, mat e besse gléck gët et nët juste eng Kombinatioun vun deenen zwee. Wann ee méch froe géif (wäert keen) einfach Woltz (d'or au chef de gueules), dann den échiqueté vu Kautebach amplatz vum Wolzer chef (also elo d'or au chef échiquetté d'argent et de gueules), dann d'Kräiz vu Welwerwoltz an'd Schëlt (d'or à la croix alésée, recercelée en chef et en pointe, pattée aux flancs de gueules; au chef échiquetté d'argent et de gueules). Domatt wier'd aal seigneurie vu Woltz an déi zwou aal Geménge vertrueden an engem relativ einfache Wopen ouni ze kucken do all aalen Häer dranzekréien. Mee daat as elo juste meng interprétatioun, daat eenzegt wischtegt elo ass dass Kiischpelt kee Wopen huet an fier de Moment déi verwasite Wope vun Kautebach a Welwerwoltz benotzt.--Caranorn 12:17, 31 Oktober 2006 (UTC)

Käler Wappen[Quelltext änneren]

Fichier:WappenGreif0002bunt.jpg
Wappen vun der Gemeng Käl

De Käler Wappen gesäit esou aus wéi um Bild riets. Deen aneren am Artikel ass e verkrëppelten, deen ass et nie ginn.--SITCK 22:34, 30 Oktober 2006 (UTC)


Zu Denger Informatioun: D'heraldesch Definitioun vum Wopen ass einfach en schwarzen Greif mat rouder Zong an Krallen ob gëllenem Hannergrond. Punkt. Waat fier eng Form den ze hun huet, dat ass neierens definéiert. Genesougudd kann en Däin Bild als verkreppelt ugesinn. Befass Dech emol e bëssi mat Heraldik. Amen Spanish Inquisition 07:55, 31 Oktober 2006 (UTC)

An aller Frëndschaft bieden ech Dëch, desen Gräif ze änneren. Dësen Gräif ass zu kenger Zäit vun der Käler Gemeng gebraucht ginn. Et kann dach nët sinn, datt iergendeen hei e selwer produzéierten Wappen amplaz vun dem originellen a aktuellen Wappen, willkürlrch asetzt. --SITCK 14:28, 31 Oktober 2006 (UTC)

Dach dat geet. Et geet net drëms ob dat Bild vun der Gemeng benotzt get oder benotzt ginn ass. Dat eenzegt waat wichteg ass, ass dass d'Bild den heraldeschen Informatiounen gerecht get an dat ass bei desem Bild den Fall. Ech sinn allerdengs gären bered iwert allfälleg künstlerech Detailer ze diskutéieren, z.B. den Schwanz ofzeänneren wann dat sollt den Problem sinn. An et geet hei och net em Wilkür mee em ganz einfach rechtlech Ofsecherung vun der Wiki, dat well ech hei ganz kloer betounen. Vun Säiten vun enger Gemeng (iergendeng) hun d'Autoritéiten d'Droits d'auteurs ob der heraldescher Informatioun vun hierem Wopen, d.h. ech därf net einfach esou en schwarzen Gräif ob gielem Fong etc fier meng perséinlech Zwecker benotzen! Fier Dokumentatiounen wei z.B. d'Wiki ass dat awer erlaabt (well net komerziell!). Elo get et dann nach den Droit d'auteur ob d'Bild Datei vun dem Wopen an genau do ass den Problem. An doweinst hun ech déi ganz Biller gemacht, fier dass en eng rechtlech onbedenklech Versioun huet. Och wann der Gemeng Käl dat wahrschenlech egal ass ob hei hiert Wopen benotzt get, et ginn emmer nach genug verreckt Afekoten déi näischt besseres ze dinn hun fier d'Lait ofzemanen (zu München setzt z.B. esou en berüchtegten). Nach eng keier, ech well hei net als dat obtrieden wat an mengen Nickname steet, mee bei Wopen mus en bedenken, dass et nie eng offiziell Versioun ginn ass an och net wärt ginn. Den Rouden Léif den am Memorial zu den nationalen Symbolen veröffentlecht ginn ass ass och aanescht ewéi deen Deens'De an den Souvenirsbutteker kanns kaafen. Falsch ass en dodurech net. Et geet hei also net drems fier den Lait dei Versioun ze weisen dei fun der Gemeng benotzt get, mee nemmen fier den Leit ze weisen, wei den Wopen ausgesait. An fier dass eben all Gemengewopen dem selwechten Stil entspriechen (dat gesäit einfach méi professionell aus) wier et schein wann en bei menger Versioun kéint bléiwen. Mee wei gesot ech sinn duerchaus beret fier e puer Detailer aanescht duezestellen. Vill Aarbecht ass dat nämlech net. Grouss Spanish Inquisition 15:21, 31 Oktober 2006 (UTC)

  • Ech soen Där Merci vir d'Ännerung vum Wappen an huelen och d'Verantwortung dozou. (Ech schaffen zënter 25 Joer als Volontaire fir d'Gemeng Käl !) Kuck och eise Site Tourisme.

Geet hei vu Wope Rieds? :-)) --Cornischong 17:29, 31 Oktober 2006 (UTC)

Ech hunn lo am Artikel Keel gekuckt a fannen do ausser engem Bild keen ee Wuert iwwer de Wopen. Hun se iwwerhaapt een offiziellen ?? a vu wéini unn ?? a wéi ass e beschriww. Sou laang wéi mer daat nët wëssen ass daat Geschreiws hei fir d'Kaatz Black Metall 18:02, 31 Oktober 2006 (UTC)

@cornischong. Jo
@black metall. Et geed hei primär em Diplomatie déi sollt verhënneren dass hei en Edit War weinst engem Bild ausbrëcht. Den aktuellen Wopen ass 1975 agefouert ginn. Den Caranorn kann Dier dei genee Beschreiwung soen wanns De se brauchs. Mier wëssen also schons zimmlech genee wéi en définéiert ass. Spanish Inquisition 20:26, 31 Oktober 2006 (UTC)
Ech hu scho verstann ëm wat et hei geet daat vehënnert nët dass och wanns du an de Caranorn genee wëssen ëm waat et geet, dass dann aaner Leit déi den Artikel Keel liesen kee Pippjeswuert iwwer de Wope fannen, an déi kennen dech an de Caranorn nët. Wee sollen déi da froen. Black Metall 20:48, 31 Oktober 2006 (UTC)
Et gëtt problématesch wann ech fier all Lëtzebuerger Wopen de blasonnement néi schréiwe muss. Ech hunn se elo méngen ech all eng kéier ob der franséicher wiki fr:Armorial des villes européennes#Luxembourg higesaat. Héi elo mol schnell deen vu Keel: d'or au griffon de sable, armé et lampassé de gueules. Daat heescht: ob gëllenem Scheld, e schwarze Graif mat roude Krallen an Zong. Dem Spanish Inquistion séin ass domatt och 100% korrekt.--Caranorn 11:53, 1 November 2006 (UTC)

Fro iwwer Wopen[Quelltext änneren]

Je me permets de soulever une question déjà abordée en 2006, car ses réponses fournies ne me semblent pas satisfaisantes.

Les blasons de cet article semblent tous avoir été créés à partir de description, sans tenir compte de leur utilisation réelle. Cette pratique est défendue par des utilisateurs tels que Spanish Inquisition, ceux du projet Héraldique, ainsi que quelques sites internet argumentant que "Le dessin d'un blason ne constitue pas une référence absolue en ce qui concerne un certain nombre de détails, car les éléments sont des symboles avant d'être des représentations figuratives précises.".

Cependant, je n'ai pas pu retrouver cette interprétation ni dans l'article sur la Naissance des armoiries ni dans ses nombreuses sources. Ainsi, le lecteur est amené à croire que ces images sont des blasons officiels, alors qu'il s'agit de versions fortement modifiées ou complètement inventées. Par exemple, le blason de la commune de Dippach est disponible sur son site officiel et diffère de celui présent dans l'article.

Les droits d'auteur ont été cités comme une justification, alors même que l'article français et anglais contiennent respectivement le logo et le blason officiel de la municipalité de Rumelange.

Malgré l'effort artistique considérable des contributeurs de cet article, je propose donc que les blasons soient remplacés par leur version officielle (dans le respect des droits d'auteur). NoSpare (Diskussioun) 20:42, 6. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

je n'ai pas pu retrouver cette interprétation[Quelltext änneren]

En voici une: Le dessin n’est qu’une représentation artistique du blasonnement. Chaque artiste ou graveur est ainsi libre de dessiner le blason avec son propre style mais il est tenu de suivre les codes précis du blasonnement et de l’héraldique en général. -- Les Meloures (Diskussioun) 22:30, 6. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Merci! Ech hunn eng aner Source fonnt https://www.gutenberg.org/cache/epub/41617/pg41617-images.html.
Wéi wier et mat enger Notiz déi erkläert datt dëse méiglech Duerstellungen vum Wopen sinn? NoSpare (Diskussioun) 15:26, 7. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Trouve-t-on des explications similaires dans d'autres projets Wikipedia? Il faudrait peut être remarquer que dans Wikipedia:en le blason de Rumelange est un peu fantaisiste car le fond de l'image est gris et non blanc comme la représentation de l'émail argent devrait l'être, en plus les mineurs n'ont jamais porté des ceintures rouges. En ce qui concerne les armoiries de Dippach ou les socs de charrue sont représentés pointus au lieu d'arrondis comme sur le projet initial, n'est pas en contradiction avec le texte de la description car sur beaucoup, sinon même la majorité, des blasons on trouve des socs pointus. --Les Meloures (Diskussioun) 16:30, 7. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Cette interprétation est en effet présente sur le Wikipédia français et anglais. Je n'ai d'ailleurs pas retrouvé le blason de Rumelange autre part que sur https://en.wikipedia.org/wiki/Rumelange ce qui le rend très suspect.
Va-t-on discuter avec les Anglais? --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 8. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Pour Dippach, je pense qu'il est préférable de représenter l'utilisation effective du blason par la commune quitte à ignorer les règles héraldiques, surtout si toutes ces représentations se valent, car sinon le lecteur pourrait croire que les armoiries actuelles sont officielles. Dans tous les cas une note pourrait résoudre le problème. NoSpare (Diskussioun) 22:58, 7. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Faudrait trouver un dessinateur. --Les Meloures (Diskussioun) 10:55, 8. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]