Diskussioun:Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
Sujet derbäisetzenMoien,
Propos fir d'Tabell: eng zousãtzlech Kolonn mat engem Commons-Logo, dat op déi jeweileg Commonscat verlinkt, tëscht Bild A Wikidata...
- Moien och: ech géif déi Kolonn mat der Bamaart ewechloossen. Meeschten wësse mer souwisou dacks net wat fir eng Aart et genee ass, a wann do steet Eechen zu Dippech da kann ee scho roueg dervun ausgoen datt et keng Chrëschtbeemercher sinn.--Les Meloures (Diskussioun) 12:40, 20. Feb. 2025 (UTC)
- Merci, ech verschaffen déi zwou Proposen. D'Lëscht misst an den éischten Deeg fäerdeg ginn.
- Bei (aktuell) 242 Beem, gëtt d'Lëscht vläicht e bësse laang, oder net? Soll ech eng Opdeelung pro Gemeng maachen (änlech wéi bei de Weekräizer) oder eventuell no Kanton an dann no Gemeng? Et gëtt 0 bis 13 Beem pro Gemeng an der 9 bis 42 pro Kanton.
- Merci fir Är Suggestiounen… | GilPe (Diskussioun) 18:14, 26. Feb. 2025 (UTC)
- Moie GilPe, ech géif et mat Kantonen a Gemenge maachen. Als éischt gesäit ee mol de Kanton, a wann een dann nach méi wësse wëll (wéi d'Gemeng), gesäit een déi dann och. Ass nëmmen e Virschlag, mä koum mir spontan an de Kapp. | Mobby 12 (Diskussioun) 20:24, 26. Feb. 2025 (UTC)
Perséinlech géng ech et mat Gemenge maachen. Wie weess schonn, ouni et nozesichen, watfir eng Gemengen a watfir enge Kantone leien... an och: d'Kantone spille keng administrativ Roll méi. Ech aknn awer och mat de Kantone liewen :-) --Cayambe (Diskussioun) 21:06, 26. Feb. 2025 (UTC)
- Ech hunn et elo mol mat de Kantone probéiert (ass manner Opwand ;-) )… Wann awer méi Leit fir d'Gemenge sinn, maachen ech et esou. Waarden emol nach e bëssen.| GilPe (Diskussioun) 22:03, 26. Feb. 2025 (UTC)
- Effektiv weess net jidderee spontan, wat fir Gemeng a wat fir engem Kanton läit. Vläicht, als Kompromëss tëscht en ger eenzeger a laanger Lëscht no Gemengen, an 12 no Kanton, d'Propos, 4 Lëschten no geographesche Regiounen unzeleeën (Mëllerdall, Minett, (Rescht)Guttland, Eislek), an doranner dann déi jeweileg Gemengen dem Alphabet no? --Zinneke (Diskussioun) 22:45, 26. Feb. 2025 (UTC)
- Hm, dat ass dann eng "hausgemaachten" Opdeelung mat véier net kloer definéierte Regiounen. Ech maachen et dann awer no Gemeng, dann hu mer et och eenheetlech mat anere Lëschten. Dauert dann nach e puer Deeg ;-) | GilPe (Diskussioun) 13:30, 27. Feb. 2025 (UTC)
- Just als Info: déi Kolonnen "Gemeng" an "Kanton" an der Lëscht verschwannen all, wann dat Ganzt bis steet. | GilPe (Diskussioun) 16:38, 27. Feb. 2025 (UTC)
Sou, d'Lëscht ass elo fäerdeg! Dat Eenzegt dat nach net systematesch agesat ass, sinn déi Beem déi op der Lëscht vun den Nationale Monumenter oder dem Zousazinventaire stinn. Den Zinneke huet sech awer bereet erkläert dat bei Geleeënheet ze maachen. Merci am Viraus dofir. Ech hoffen, datt mer beim Kopéieren a Verschaffe vun den Donnéeën aus der net ganz esou gewëssenhaft opgestallter Annex aus dem Reglement, net allze vill Feeler geschitt sinn ;-) | GilPe (Diskussioun) 15:22, 1. Mäe. 2025 (UTC)
- D'Lëscht gouf mat deene vun den nationale Monumenter ofgeglach. Kleng Bemierkung um Rand: Do sti vereenzelt Beem (oder Alleeën) drop, déi hei net opgelëscht goufen. Comprenne qui voudra... --Zinneke (Diskussioun) 23:44, 1. Mäe. 2025 (UTC)