Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergesche Steekaulen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Nimm vu Lëtzebuerger Uertschaften[Quelltext änneren]

Mir hun an der Wiki eng Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften an do stinn d'Nimm vun den Uertschafte richteg dran, ass et esou schwéier an déi Lëscht kucken ze goen? Johnny Chicago 16:44, 19 Januar 2006 (UTC)

Du hues Recht. Ma ët muss een awer mol fir d'eischt op di Iddi kommen.
Ech hun der eng gudd Parti verbessert.
En etlech hun ech awer nët fond :
Born
Consthum
Folschette
Medernach
Merckholz
Maulusmillen
Mensdorf
Mertzeg
Michelau
Reisduerf
Rosport
Stengefort
Mat aaneren ass daat esou eng Saach:
Bäerdref , Berdref , Berduerf , Bärdref ...
je, op www.berdorf.lu steet : Bäertreffer Gemeng ! ?
An der Fiels soen di aal Feelser : an der Feels, an nët an der Fiels. D'Nopeschuerschaften soen: An der Bidden.
Vielleicht kann een jo e legalen Text fannen (Gesetz oder Reglement), op daat een sech kann beruffen.
--Menhir 12:36, 20 Januar 2006 (UTC)


No laangem Gedeessems hu mer eng Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, déi huet d'Nimm wéi se vum "Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise" (CPLL) no der Reform vun 1999 geholl si ginn. Mär wëlle jo hei net schreiwe wéi se zu Munneref fir Veiane SOEN, a wéi se zu Bauschelt fir Bauschelt SOEN, mee wéi déi Uertschaften an der offizieller Schreifweis "GESCHRIWWE" ginn. Am Däitschen geet et jo och net drëm, wéi se a Bayern fir d'Schwobeland soen, mee wéi dat "am Däitsche" geschriwwe gëtt. Ech weess och wat Biermereng op senger Wegbsäit stoen huet, a wat Steesel op hire Stroosseschëlder stoen huet. An am Memorial (!!) steet och net "wéi ee Lëtzebuergesch schwätzt" mee "Wéi ee Lëtzebuergesch schreift". --Cornischong 15:24, 20 Januar 2006 (UTC)

Wann s de wëll wëssen, wéi et hei am Land mat den Uertschaftsnimm steet, da fro mol op den zwou Atert-Gemengen, Réiden a Béiwen no, wéi den offiziellen Numm vun deenen hire Gemengen ass. Rédange-Attert, Rédange/Attert, Rédange sur Attert, Rédange-sur-Attert. Vill Spaass! Du kanns och op der Réidener Websäit kucken, op där fënns de dräi verschidde Versiounen op enger Säit. --Cornischong 15:38, 20 Januar 2006 (UTC)