Diskussioun:Lëscht vun den Ausgruewungen an archeologesche Plazen zu Lëtzebuerg
Sujet derbäisetzenAusgesinn
Leschte Kommentar: virun 1 Joer vum GilPe am Sujet Nei Kaart wier net vu Muttwëll
Nei Kaart wier net vu Muttwëll
[Quelltext änneren]Moien,
Déi Kaart, déi momentan hei ass (bal 20 Joer onverännert), ass ewell a viller Hisiicht vereelzt (vun de Gemengegrenzen bis zu den opgezielte Plazen), huet Schreiffeeler, a kinnt ëm villes besser sinn - faarflech, grafesch, ma och topografesch, z.b. d'Kiemen enthalen, asw. Vläicht fënnt jo een Inspiratioun ënnert dem Beemchen? Falls jo, weg virdrun op der Diskussiounssäit kuerz Feedback sammelen ier ee lass leet). Zinneke (Diskussioun) 14:51, 21. Dez. 2024 (UTC)
- Ech erlabe mer den @JimHawk ze taggen, deen de Fichier:Kaart Lëtzebuerg a spéitréimescher Zäit.jpg sengerzäit erstallt huet a villäicht Loscht huet u senger Kaart weiderzeschaffen. 🙂 --Volvox (Diskussioun) 11:52, 22. Dez. 2024 (UTC)
- Gudde Mëtteg,
- Ech hunn d'Lëscht emol vervollstännegt, et bleiwen trotzdeem nach eng Rëtsch Plazen bäizeflécken. Ech mengen dowéinst, datt et net vill Sënn mécht fir d'Grafick manuell ze zeechnen, well se net ganz laang aktuell wäert sinn… Vläicht gëtt et eng Méiglechkeet fir eng dynamesch Kaart z'erstellen? Op Commons gëtt et esou eng Funktioun {{GeoGroup}}, déi eng Kaart op Basis vun de Koordinaten, déi se an der Kategorie fënnt, erstellt (kuck z. B. : Category:Ancient Roman architecture in Luxembourg). Vläicht weess een ob / wéi dat och hei geet? | GilPe (Diskussioun) 16:22, 29. Dez. 2024 (UTC)