Diskussioun:Lëscht vun den Haaptacteure vum Zweete Weltkrich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

War do net nach eng Matdeelung vu gëschter? --Cornischong 11:20, 2 Feb 2005 (UTC)

Dach do war eng, mee well ech de Moie mäi leschten Oral haat, hunn ech déi liicht séier iwwerflunn :-) Waat solle mer dann elo mat där Lëscht maachen ? Se ganz fale loossen ergo läschen ? Se anescht organiséieren ? Ech ginn elo mol schlofen an hoffen am Schlof eng Äntwert ze fannen...es sei denn mengem Noper säi blöde Besuch mecht riit virun esou Zodi, da gëtt et eng laaaaaang Nuecht :-) --Briséis 01:23, 3 Feb 2005 (UTC)

Leschten Oral. Héiert sech gutt un. Mat der Lëscht maachen? Ma da musse mer eis dat emol duerch d'Gehir fléie loossen. Wanns de nach Iddien dozou hues, da looss se mol geflu kommen, villäicht sinn et genau déi selwecht ewéi meng? War dat Georals dann elo de Rescht fir eng Zäitchen oder gëss de nach weider gepéngegt? Bis haut --Cornischong 01:47, 3 Feb 2005 (UTC)

A wa mer se géifen HaaptaKteuren nennen ? --Karlthegreat Diskussioun 23:11, 6 Feb 2005 (UTC)

Resalut. Schéin, datt s de rëm am Rad bass. Acteur kënnt jo aus dem Frankophonisteschen an dofir kritt et en "c". --Cornischong 00:24, 7 Feb 2005 (UTC)