Diskussioun:Lëscht vun den Uertschaften am Areler Land

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dat beschte Beispill, wéi anachronistesch dës Lëscht ass, dierft "Klämeresch" sinn. Zuguer déi frëndlech Leit vun der alas.be, déi ni op eng Mail äntweren, ginn den "offiziellen" Numm selwer net un! Ech wollt emol iwwer "Martelange" eppes schreiwen, do fannen ech bei eis eng Kéier Martel an Maartel. Bei der alas steet Martel, dat kaum esou ka geschriwwe ginn. Da loossen ech dat Martelange mol léiwer sinn. Bei google ass mat dësen Ausdréck kee Blummendëppen ze wannen, do fënnt een nëmmen d'alas an déi lëtzebuergesch Wiki. --Cornischong 22:53, 27 November 2005 (UTC)