Diskussioun:Lëtzebuergesch Auswanderung

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dem Hess seng These si laang iwwerholl, souwuel, wat déi "Urheimattheorie" ugeet, wéi och seng Vue, vu "lëtzebuerger Auswanderung" aus vir-nationalstaatlechen Zäiten ze schwätzen. Dësen Artikel misst dofir mat Hëllef vun ë. a. F. Fehlen sengem "Luxemburg und Siebenbürgen" (http://www.uni.lu/content/download/9349/143916/file/WP_7Buergen.pdf) grëndlech iwwerschafft ginn.

--Zinneke 10:00, 10. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Ganz d'accord mam Zinneke (1,5 Joer drop!). Den Artikel misst just den allgemenge Kader setzen, an dann op eege Säiten verweisen, déi méi an den Detail kéinte goen. D'Auswanderungswell a Südamerika (ca. 1820-1850) kënnt an dem Konzept guer nët vir. D'Literatur ass onprofessionnell an huet bedeitend Lücken.

--Christian Ries 18:35, 30. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]