Diskussioun:Lëtzebuergesch Kichespezialitéiten

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

== Éischt Spezialitéitelëscht == Dat mes de express, oder? Myriam 23:26, 25 September 2005 (UTC)

Untitled[Quelltext änneren]

Wann ech elo soe jo, da gleefs d'et, mee et ass net wouer. Wann ech elo soen neen, da gleefs d'et net, mee et ass och net wouer. Da si Saachen, do kommen ech "vu Pontius op Pilatus", a well ech (wann nëmme méiglech!!) mindestens eng Foto bei all Artikel brauch, kommen ech duerch d'Biller op en Deel vu mengen Iddien. Ech kéint jo datselwecht soen. --Cornischong 23:39, 25 September 2005 (UTC)

Maja, Sou oder sou, du hues mech souwisou kritt (mat den 20 Stonnen), mee da fuer mol duer mat de ganze Spezialitéiten, ech géif mer wënsche mäi Mann géif do matmaachen, mee et sollt nun eemol net sin ... Myriam 23:47, 25 September 2005 (UTC)

Kuddel ....wat? Kuddel ... wéi?[Quelltext änneren]

Merci un d'Myriam fir seng Addenda, mee et wier flott fir gewuer ze ginn, ëm wat et do geet!!? Villmols Merci am Viraus. --Cornischong 12:57, 24 November 2005 (UTC)

Stäerzelen[Quelltext änneren]

Kann ee mer erkläre wéi e Speck a Gréiwe schneid Les Meloures 19:51, 23 Februar 2007 (UTC)

Riesegen Duercherneen an dësem Artikel[Quelltext änneren]

Ech fannen dass dës Rezepter an der lëtzebuerger Wikipedia op d'mannst sollten op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn.

Ass RTL oder d'Sylvie Bisdorf eigendlech domat averstan dass seng Rezepter hei 1 zu 1 kopéiert ginn? Huet sech jo schon erleedecht

Ech wier éischter derfir dass all Rezept säin Artikel kritt, an da vun hei aus doropper verlinkt gët.

Et bleiwt nach vill ze man. Ech hu just de Moment keng Zäit dofir. -- 83.219.99.174

sollten , Ech wier éischter derfir dass, Et bleiwt nach vill, Ech hu just de Moment keng Zäit dofir Ite missa est. --Cornischong 20:28, 23 Februar 2007 (UTC)
Ma da soll een dat däitscht Gesabbels erausgeheien, an dat RTL Getriwwels mat. Well e gudden Deel ass tipptopp. --Cornischong 19:55, 23 Februar 2007 (UTC)

Bäisetzen[Quelltext änneren]

Wat kann/soll een hei nach bäisetzen? Et freet ee sech jo ëmmer war elo wierklech typesche lëtzebuergesche Kascht ass, woubäi et eng reng Exklusivitéit wuel net gëtt, ausser elo fir eis eege Rezeptvariatiounen. Also, setze mer Follgendes och dran: Geméiszopp, Lënsenzopp, Friture, Pastaschutta, Paschtéit, Éiercher, Verwurrelter, Nonnefascht, Paté, Lëtzebuerger Hunneg? Op der en-wiki wëlle se eis jo gutt an deem Domaine, grad ewéi d'Säit vun der EU-Presidence. --Otets 14:14, 30. Okt. 2012 (UTC)

Firwat ass de Quetscheflued am Artikel verschwonnen? Mer sinn zwar sécher net di eenzeg di Quetschen op eng Toart leeën, mee et gouf dach ëmmer gesot [Source?], dat wier deen eenzegen Dessert fir dee mer bekannt wieren? --Otets 14:49, 13. Okt. 2017 (UTC)

An de Läschgrënn steet et wier op Wonsch vum Auteur. Vü datt s de Admin bass kanns de einfach am Historik vum Artikel kucke wat geschitt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 15:59, 13. Okt. 2017 (UTC)
Ah, ech gesinn, den Auteur wollt säin Artikel "Quetschentaart" geläscht hu well s du him sooss dat wier "net traditionell lëtzebuergesch". Wat s de och hei uewen driwwer kritiséiers, datt et keng Quell fir di Behaaptung giff ginn. Ech misst mech dann op Quellesich man. --Otets ♣ 16:07, 13. Okt. 2017 (UTC)