Diskussioun:Lëtzeburger Patriote Liga

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gouffen et keng 2 verschidden LPLen? Lpl-Petit an LPL-Rodesch.

D'Äntwert ass einfach: Lies emol den Artikel ganz duerch, an haaptsächlech deen 2.-läschten Abschnitt! --Pecalux 17:20, 15. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

D'Situtatioun haut:[Quelltext änneren]

Ech schloen follgenden Text fir, ëm d'Situatioun vun haut zu beschreiwen, well dës Vereenegungen ëmmer nees an den Medien verwiesselt an hier Memberen vermëscht gin:

Haut[Quelltext änneren]

Haut bezéien sech 3 Vereenegungen op dës Resistenz-Initiative, déi reegelméisseg mateneen verwiesselt gin:

- Amicale - Lëtzebuerger Patrioten Liga (A-LPL oder Amicale LPL), gegrënnt um 6. Juni 2001 zu Lëtzebuerg, 57 boulevard de la Pétrusse (Villa Pauly).[1]

- Luxemburg Defence League (oder Amicitia), gegr. um 4. September 2010 zu Lëtzebuerg-Pafendall. Des Gruppeirung steht net am Memorial, ass zousätzlech duerch verschidden Optretter bai der Pegida, unsteisseg Aussoen um Internet an diversen Memberen aus dem eischter rietsen Beraich negativ opgefall an dowinnster net mat den Ideen vum Raymond Petit vereenbar. [2]

- Association 1928 - Lëtzebuerger Patrioten Lëtzebuerg (A-LPL oder Identitär Beweegung Lëtzebuerg), um 6. August 2011 zu Dikrech.[3]

Mat frëndlechen Gréiss, -- 2001:7E8:C005:CE01:512C:E7A1:D295:A577 01:05, 14. Feb. 2015 (UTC) .[äntweren]

Moien, mengt Der, well dat do op der englescher Wiki erausgeflunn ass, kinnt ee probéieren, et hei ënnerzejubelen? Wat fir Jickeklippercher probéieren, den Numm vu Resistenzgruppen aus dem 2. WK ze usurpéieren, ass enzyklopedesch vëlleg irrelevant. Et ass schlëmm genuch dassen s'et maachen.--Zinneke (Diskussioun) 21:54, 26. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien, ech schléissen mech dem Zinnecke un, eng Gruppeirung dei keng legal Basis huet ("Luxemburg Defence League"), an vun daer schon zum Deel eenzel Memberen am Prisong sëtzen beziehungsweis op Sursis dobaussen sin, deenen kann an daerf een keng Basis gin! Den Text, sou wei en am Moment do steht, ass gudd an richteg, deen soll net duerch sou eppes iwwerschriwwen gin--Benotzer:LPL1940:LPL1940 (Diskussioun) 01:44, 01. Mar. 2015 (UTC)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Amicale - Lëtzeburger Patriote Liga am Memorial.
  2. Luxemburg Defence League am Internet..
  3. Association 1928 - Lëtzebuerger Patrioten Lëtzebuerg am Memorial.