Diskussioun:Leschte Steiwer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Numm kënnt aus der Zäit vun der preisescher Festungsbesetzung. Do stoung ëm déi Zäit déi leschte Wiertschaft, wann een aus der Stad erausgoung. Do ass dann dee leschte Steiwer verdronk ginn. De Steiwer oder Stuiver war eng am hollännesche Raum gëlteg Mënz.


Gudden Owend,

Weess een duerch Zoufall wéi et méiglech ass, datt d'preisesch Besatzung, hollännesch Mënzen hat?

Les Meloures 19:54, 23. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Eventuell eng Erklärung:
Et steet net am Artikel, dass d'preisesch Besatzung do matt hollännesche Mënze bezuelt huet. Et steet just do dass de Numm aus déier Zäit staamt. Et ware jo warscheinlech net d'preisesch Zaldoten déi de Numm "um leschte Steiwer" erfonnt hunn mee Lëtzebuerger Zivilisten. Ausserdeem kann et jo sinn dass den Ausdrock "Steiwer" benotzt gouf wëll Lëtzebuerg jo déi Zäit ënner hollännescher Regentschaft - vun 1815 bis 1839 - stoung, obschonn d'Festung nach ënner preisescher Besatzung stoung - bis 1867. -- Pecalux 07:44, 24. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Merci fir d'Erklärung. Ech mengen da wier et awer méi enzyklopesch en Zäitraum mat Datum unzeginn, wéi eng Informatioun iwwer d'preisesch Besatzung. Ausser datt déi do war, huet se jo dann anscheinend näischt direkt mam Numm ze dinn, ausser den Numm kéim aus dem Kasären- oder Zaldote-jargon. Sou wéi et hei presentéiert ass, kënnt een op d'Iddi dat d'Preisen deen Numm erfonnt hunn.

Les Meloures 10:23, 24. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Karls V. Taler war als Carolus bekannt, den Philippstaler bezeichnete man auch mit Patagon oder Kreuztaler. Als Unterteilungen gab es den Sou oder Sol (auch Stüber genannt, daher luxemburgisch Steiwer, welcher Ausdruck sich noch in der Ortsbezeichnung um leschte Steiwer wiederfindet), den Escalin (Schilling, zu 6 Sous) sowie die Kupfermünzen des Liard (Heller zu 1/4 Sou) und des Gigot oder kleinen Hellers (zu Vs Sou). Galt der Philippstaler anfangs 60 Stüber, so wurde der nachfolgende leichtere Patagon zu 48 ausgegeben. (Quell: ons stad Nr 62, s.8 Link)--Fliedermaus 10:39, 24. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat jäitzt jo bal no engem Artikel Mënzen a Wärungen, déi zu Lëtzebuerg gebräichlech waren (oder eppes an deem Genre)... En Ufank steet jo hei scho bal... --Zinneke 14:23, 24. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]