Diskussioun:Letzeburger Legio'n

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Politesche Programm[Quelltext änneren]

@ Cornischong: Du behaaps, dass et kee politesche Programm fir d'Zäit nom Krich gi wier. Bass du am Besëtz vun den deemolegen Statuten, oder wees de dat nëmmen duerch mëndlech Iwwerliwwerung? Oder hues de nach aner Quellen? --Pecalux 08:59, 26 Juli 2007 (UTC)

Salut Pecalux. Du hues absolut Recht mat denger Fro, mee du stells se "e bësse" fréi. Ech hunn eréischt just ugefaangen, mäi Material "auszepaken". Op alle Fall wäert ech ganz genee uginn, "vu wou wat" hierkënnt. Ech si mer total bewosst, datt et ëm "kribbelech" Saache geet! Ech ginn vun Natur aus am léifsten de Saachen op de Fong, an ech gleewen net alles jiderengem direkt, mee wann ech dat alles muss eleng maachen, da kéint et nawell méi wéi eng Zäitchen daueren. Du bass natierlech wëllkomm, fir an dëser quokeleger Sandkaul matzespillen. Mer kënne gär op Eenzelheeten agoen, awer net op dëser Plaz. --Cornischong 09:18, 26 Juli 2007 (UTC)

Ok, Cornischong. Um "Aarbechtsiessen" schwätze mer driwwer. --Pecalux 09:22, 26 Juli 2007 (UTC)

Ass eppes bei deem Iesse vu viru 6 Joer erauskomm? Et bäisse sech nämlech zwou Aussoen: Engersäits steet hei am LL-Artikel "Wéi den Aloyse Raths ... sot: ... datt näischt vun engem politesche Programm oder vun engem Nokrichsprogramm dra stoung", anerersäits steet am LVL-Artikel "[D'LVL] hat och, grad wéi d'L.L., e politesche Programm, an deem hir Usichten iwwert déi politesch Ausriichtung vum Land no der Liberatioun preziséiert waren." Jo, wat dann elo? --Otets 13:27, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]