Diskussioun:Liewensmëttel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

E puer Begrëffer komme mer "komesch" vir: "Planzlech Fetter" (Ech schreiwen hannedrunn meng Iddien) (Planzefetter); "Déiere Fetter" (Déirefetter); "Salzeg Knabbereien " (Salz-...?); "Tabak" (Tubak) fir deen ënner Liewensmëttel ze setzen, ass interessant (hu mer keng Doudesmëttel oder Gëfter?); "Hülsenfrüchte" tjo, Hülsen sinn "Scheeken"; "Crustacéën" (geet net villäicht Schuelendéieren ??). Dat zu menge Pefferkären. --Cornischong 11:09, 4 Mee 2005 (UTC)

D' Pefferkären duerf ech also dann och net vergiessen :-) Wollt dech souwisou nach zu e puer Saachen deng Meenung froen. Planzefetter an Déierefetter fannen ech och besser. Tubak gehéiert jo eigentlech net dohinner, ech huelen et ewech. Vlaicht schreiwen ech oder soss eng Kéier een en Artikel iwwert d'Genossmëttel. Do gehéiert et hinn. Bei den Hülsenfrüchte an Crustacéien hunn ech guer keng Ahnung. Hunn och keng Iwwersetzung fonnt...... --Alexandra 11:31, 4 Mee 2005 (UTC)


Emol eng domm Fro: Ass et Liewensmëttel oder Liewesmëttel ?? --Alexandra 17:43, 12 August 2005 (UTC)

Da kann een déi zwee setzen! Mär hu besser, mer halen eis u Liewensmëttel an dann ass et fäerdeg. Alles klaro? :-)) --Cornischong 20:39, 12 August 2005 (UTC)