Diskussioun:Louis Boyer (Astronom)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

All Wikipedia, déi eppes op sech hält, huet genee deeselwechte Spréchelchen iwwer en Astronom, dee Louis Boyer heesche soll. Et huet kee Mënsch emol säi Gebuertsjoer (an dobäi sollt deen am 20. Jht. gelieft hunn), Google kennt deen anscheinend net, den 2bännegen Lexikon der Astronomie vun Herder kennnt en net, an der Encyclopaedia Britannica fannen ech en och net. Gëtt et iergendeng seriéis Quell, datt et deen iwwerhaapt ginn huet? Wann net, dann hu mer sou lues besser mär läschen déi Spréchelcher, da sti mär alt net als Daboen do. Da flitt och de preisesche Saz iwwer der Tabell. --Cornischong 06:01, 30 Abrëll 2007 (UTC)


Wann d'Editions Belin e Buch vun em eraus ginn hunn wäert et jo alt gi sinn. 81.244.180.195 09:57, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Déi Äntwert gesäit aus wéi den Artikel. Normalerweis hunn d'Bicher jo en Titel. --Cornischong 10:08, 30 Abrëll 2007 (UTC)


"Biographie de l'auteur Louis Boyer est professeur émérite de physique à l'Université Aix-Marseille I, et ancien directeur de l'Institut des phénomènes hors équilibre (IRPHE) de Marseille. En 1992, un grand prix de l'Académie des sciences a couronné ses travaux sur la tomographie laser, méthode de visualisation des fronts de flammes aujourd'hui utilisée dans la plupart des laboratoires de combustion du monde. " Dat ass d'Kuerzbiographie vum Louis Boyer, vun deem de 24. August 2006 bei Belin e buch erauskoum. All Respekt. Dat ass awer bestëmmt net eisen Astronom. Komm elo net nach mam Kach! --Cornischong 10:12, 30 Abrëll 2007 (UTC)

"déi et och nach gëtt": Et konnt bis elo nach kee vun deene Klunnessen, déi äifreg iwwer den Astronom Louis Boyer schreiwen, dat heescht ofschreiwen, awer och nëmmen undeitungsweis noweisen, datt et dee Mann iwwerhaapt gëtt oder ginn huet. DA brauche mer nach esou Besserwësser wéi de User:81.244.180.195 deen en am Frankräich entdeckt huet. An deen Artikel steet nach ëmmer hei! Prost dann. --Cornischong 15:10, 30 Abrëll 2007 (UTC)