Diskussioun:Louis de Freycinet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat ass e "Walfëschschëff"? E Schëff, dat ausgesäit wéi e Wal, oder wéi ;-))
A well Tasmanien nom Feycinet benannt ass, heescht et "Freycinien" an net "Tasmanien", oder wéi? --Otets 23:48, 21 Abr 2005 (UTC)

Wat dat klengt Wuert "ass" awer eppes ännere kann. Zum Wal: E Schëff, dat Wale fëscht kann ee wuel net Fëschwalschëff oder Schëfffëschwal oder Walschëfffësch nennen. Bei der Bedeitung fänkt een hannen un, grad wéi beim Solschlëssel oder bei der Wasserbuergbréck. Also nach eng Kéier fir déi méi jonk: Et ass 1. e Schëff 2. Wat mécht et? GAnz richteg: et fëscht 3. Wat fëscht et? Walen; ganz richteg! Wann et e Wal wier, deen ausgesäit wéi e Walfëschschëff, da wier et e Walfëschschëffwal. Du réits net, u wien ech virdru geduecht hunn, wéi ech dat Wuert geschriwwen hunn! --Cornischong 00:31, 22 Abr 2005 (UTC)

Ok fir den "ass", effektiv! Mee bäi deem Schëff, do hat ech éischter un e Walfankschëff geduecht. Mee ech wëll mech elo awer net streiden, op ee Wale fänkt oder fëscht. Ech gi just ze bedenken, datt e Wal kee Fësch ass, an dofir net onbedingt gutt gefëscht ka ginn. An dofir... --Otets 00:39, 22 Abr 2005 (UTC)

Et goufe schonns al Schong a Crevetten aus dem Waasser "gefëscht". Dat mam "Fank"schëff ass natierlech originell. Eigentlech ginn d'Walen gefaang, mee dat ass op Lëtzebuergesch schwéier "eriwwerzebréngen". An ..... am DLW steet "Walfisch" heescht op lëtzebuergesch "Walfësch". (Do kritt een awer sou lues den Hick.) Fir déi schlëmmste Beckmesseren ze befriddegen, nennen ech dee Mamendéierschëfffänkert dann op dat eenzecht ëm, wat nach bleift. (Sou niewebäi gesot: Deen Artikel huet iergendeppes u sech dat e predestinéiert fir Artikel vum Mount). --Cornischong 01:04, 22 Abr 2005 (UTC)