Diskussioun:Luxemburgerli

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Rezept huet e jonke Lëtzebuerger Zockerbäcker aus der Confiserie Namur vu Lëtzebuerg mat op Zürich geholl.

Déi Ausso do schengt nit ze stëmmen well sou weit wéi ech wees sinn bei Namurs ni Luxemburgerli gemeet ginn. Les Meloures 21:16, 21 August 2006 (UTC)

No den eegenen Aussoen vu der Confiserie Sprüngeli (cf. Text ob dem Buedem vun all Këcht Luxemburgerli) huet hien d'Rezept fier Macaron mou, oder wéi een dat och elo schreift, matgeholl an do verbessert. Wat dobäi erauskoum get elo zu Zürëch verkaaft. Ech kann soss och nach mengem Noper säin Hond froen. Grouss aus Zürëch Spanish Inquisition 13:57, 22 August 2006 (UTC)

Salut du brauchs dem Noper sein Hond nit ze froen Eech hat der Erfinder gefrot deen huet sech vill méi kloer ausgedréckt wéi dem Noper séin Hond. Ech huelen un daat geet als Informatioun duer. Les Meloures 14:39, 22 August 2006 (UTC)


D'Basis vum Rezept war ee Rezept vu franséischem Zockergebäck dat de Camille Studer bei engem Interne Concours beim Sprüngli weiderentweckelt huet am Joer 1957. Wëll hien do deen enzege Lëtzebuerger war, haat hien vun de Kollegen de Spëtznumm Luxemburgerli kritt an deem no ass sei Gebäck hanneno och genannt gin. Les Meloures 14:48, 22 August 2006 (UTC)

Mat enger Uspillung un déi séiss kleng Naschlerei stoung den 11. 9. 2008 op der Titelsäit vun der Schwäizer Zäitschrëft Blick: "Luxemburgerli vernaschen Schweizer Käseköpfe". De Grond: d'Lëtzebuergesch Foussballnationalequipe huet den 10. September 2008 zu Zürich 2:1 géint d'Schwäiz gewonnen. --Sultan Edijingo 06:17, 20. Abr. 2009 (UTC), dee gemengt hat, dëse Gebrauch vum Begrëff géif eigentlech och an den Artikel selwer gehéieren...[äntweren]

Moie Sultan, och wa Sprüngli sech bestëmmt iwwer déi Gratisreklamm, déi d'Blick hinne gemaach huet, gefreet huet, sou ass dat dach zimmlech 'anekdotesch' an huet nëmmen ëm 3 Ecke mat de Makroune selwer ze dinn (ëm déi et jo hei am Artikel geet). Dofir muss dat a mengen Aen och net onbedingt am Artikel stoen. Ëch setzen et emol eran; wann der méi der Meenung wieren, dat wier dees Gudden zevill, kann et jo ëmmer nees erausgeholl ginn. --Zinneke 08:41, 22. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien,
Ech fannen datt et dann emol wann et schonns anekdotesch soll entzwousch stoen, besser an den Artikel vun der Nationalequipe gehéiert, wéi heihinner. Les Meloures 20:12, 22. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]
N'Owend, Gutt Iddi, bei d'Foussballnationalequipe kann een et och schreiwen. Wéinst dem Sproochgebrauch an der Uspillung op déi séiss Kleng awer, passt et ménger Meenung no dach och heihinner. --Sultan Edijingo 20:36, 22. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]