Diskussioun:Luxus (Museksgrupp)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann et net sollt méiglech sinn, den éischte Buschtaf vum Virnumm a vum Fmilljennumm grouss ze schreiwen, schloen ech vir de ganze Buttek ze läschen. Kee Recyclingzenter hëlt esou eppes un! An elo op Lëtzebuergesch: Wann hei een eppes erakatzt, da lefen ech net mam Torschong dohin! --Cornischong 17:53, 28 Mee 2006 (UTC)

aiaiaiaiaiii[Quelltext änneren]

dat ass eewer elo GANZ schlecht, well all di leit, di bei LUXUS mattspillen, hun extra gefrot, fir dass hir nimm, wi dat esou um internet üblech ass, KLENG geschriwe sollte gin.

wann natirlech, esoubaal een anzwouch katzt, DIR all kéier mam tornischong musst kommen...dat ass scho schlëm ann ech verstinn dann och Ären misère!

Luxus Musekgrupp[Quelltext änneren]

Dass et eng Musekgrupp mat villen Museker ass daat hun ech gesinn. Ech respektéieren och dass deene Leit hire Wonsch soll erfëllt ginn dass se an deem Artikel kleng geschriwwen ginn. Dann soll een daat awer op Wikis Manéier maachen, dass Léit aus deer Musiksgrupp déi schon een Artikel op der Letzebuergescher Wikipedia hunn och verlinkt sinn. Wann een daat nit mecht dann ass de Prinzip vun der Wiki am A...... Dann wier et ganz gudd ze wëssen waatereng Musek déi Museker brengen. Wann ech durfir muss an di auswärteg Linken kucken goen dann brauch ech Wikipedia nit.

Op der Letzebuerge Wiki ginn sou Säiten nach relativ large behandelt, et soll jo och keen deen sech Méi gët fir eppes ze brengen direkt verdriww ginn, daat wiir schued.

Ech kann der awer soen dass op aaneren Wikien Artikelen déi nëmmen opleschtunge maachen an baal keen Text hun deen zweeten Daag vun der Fënster sinn.

Also beim nächsten Ulaaf vläicht ë bësselche méi Text mat Erklärung an dann duerno d'Lescht.

Daat wärt scho goen bei mär waar et d'selwecht am Ufank

Wanns de Hëllef brauchs bei eppes kanns de mer roueg op meng Diskussiounssäit schreiwen a froen Les Meloures 23:05, 8 August 2006 (UTC)

Kënne mer eis drop eenegen, datt d'Ausso "Luxus ass eng Lëtzebuerger Musekgrupp." kengem e Begrëff ka ginn, ëm wat et eigentlech geet? Datt eng Musekgrupp vun engem Pianoduo bis zu enger Big Band geet, wësse mer jo. Datt Pultze Will mat där Schreifweis net "erëmzefannen" ass, misst och kloer sinn. Erëmzefannen, d.h. Wéi wëlle mer deen hei aklasséieren. A wéi géife mer en Artikel nennen iwwert hien? "pultze will", dat géif souguer technesch net goen, well d'Wiki-Software keng kleng Ufanksbuschtawen zouléist. Also: E puer Sätz Erklärung wiere schonns ubruecht :-)) --Cornischong 23:23, 8 August 2006 (UTC)