Diskussioun:Médecins du monde

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat hir Statute soen:

L'association prend la dénomination MEDECINS DU MONDE, association sans but lucratif. En abrégé: MdM ou MdM-Lux lorsqu'il est nécessaire de spécifier l'ancrage territorial de l'association.

Déi falsch Vernennung Dokteren vun der Welt ass deemno héchstens der Press oder engem Webmaster zouzeschrweiwen, jiddwerfalls ass et näischt offizielles. --Les Meloures (Diskussioun) 15:14, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

PS: Den Eifeler am Logo ass net falsch a gëtt och an der Eifeler Reegel erkläert. --Les Meloures (Diskussioun) 15:16, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

"Dokteren vun der Welt" steet esou an hiren Infobrochuren --Bdx (Diskussioun) 17:36, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Jo dat hunn ech och gesinn dat wëllt awer näischt heeschen. Wa mer hei alles applizéieren wat orthographesch falsch a Broschüren, an Illustréierten a bei Wort.lu oder RTL. lu steet da kënne mer mar de Buttek zoumaachen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:20, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
PS: mer schreiwe jo hei och ons Schoulen a richtegem Franséisch a Klengschrëft an net wéi si dacks selwer falsch schreiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:23, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech hunn et nëmmen eng Kéier fonnt bei: Médecins du Monde Luxembourg / Dokteren vun der Welt reçoit un don de 49.485 euros. Do kann ee roueg dervun ausgoen datt dat e Schreiffeeler vum Webmaster ass an net relevant derfir ass datt si sech wierklech mat sou enger falscher Schreifweis nennen. --Les Meloures (Diskussioun) 18:33, 18. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Op Nofro bei Médecins du monde, krut ech eng Äntwert déi mol éischtens meng Meenung bekräftegt datt et sech ëm e Feeler vum Redakter handelt an zweetens datt dee kee ganzt gutt Lëtzebuergesch kann an och nach seng eegen Eifeler-Reegel entwéckelt huet. Hei hannendrun d'Äntwert.

....Nous nous sommes aussi renseignés de notre côté et voici la règle: L'Eifeler Reegel définit s'il y a une consonne ou non au pluriel d'un nom, ceci en fonction du mot qui suit. s'il y a une consonne qui suit, normalement le mot au pluriel auparavant se termine avec un vocal muet (Doktere gin an t'Klinik), mais si la première consonne qui suit est une consonne douce (le "v" de vun) ou une voyelle, il faut mettre la consonne pour marquer le pluriel: DoktereN vun der Welt. .... Ech hunn an der ganzer Eifeler Reegel, weder am Gesetzestext, nach an den aneren Texter doriwwer wéi an 1.2.3 Lëtzebuergesch Grammaire (François Schanen-Jacqui Zimmer) an anerer näischt dovu gelies. An datt datt de V am Wuert vun eng consonne douce soll sinn ass souwisou nieft der Schinn.

Dat just fir ze weisen wéi sou Saachen entstinn, déi een awer net an enger Enzyklopedie soll kolportéiere goen --Les Meloures (Diskussioun) 10:01, 19. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Ech verstinn net firwat een eng falsch Schreifweis soll op der Wikipedia ernimmen, ausser et géif just déi falsch Orthographie als Titel existéieren. An dësem Fall ass net mol am Mémorial deen Numm festgehalen. An déi Mail weist nëmmen drop hin datt do een definitiv wéineg Zäit geholl huet fir deen Numm z'iwwerdenken. --Soued031 (Diskussioun) 11:12, 19. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]