Diskussioun:Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut! Wat ech a punkto Sprooch feststelle muss, alles mä näischt Positives. Lëtzebuerg ass vill ze spéit erwäscht fir op seng eege Sprooch ze halen, an se eescht ze huelen. Matt dër Sprooch sinn nämlech nach méi Saachen verbonnen z.B. d'Mentalitéit a Lëtzebuerg ass dréisproocheg wat onse Charme ausmëcht. Mir si kéng Däitsch, kéng Fransousen oder soss eppes. Mir sinn eebe Lëtzebuerger an Europa. Fazit: ëtt hunn sech elo lauter Parallelgesellschaften dorëmmer opgebaut an dat gëtt nach ëmmer méi schlëmm well mer regelrecht francophoniséiert ginn. Ett gëtt ëmmer méi Lëtzebuerger Dageszäitungen op Franséisch an an dën däitschsproochegen schléichen sech ëmmer méi franséisch Texter an. Duerch de Contacto a Radio-Latina ginn d'Portugiesen schlechter integréiert wéi an der Zäit d'Italiener wat eng regelrecht Katastrophe ass. Wann een elo op seng Sprooch pocht gëtt ee nëtt Rassist genannt mä Nationalist. Esou wäit si mer schonns, datt ons d'Recht ofgesprach gëtt äis Sprooch eescht ze huelen an all déi Wäertrer déi do drunn hänken.

Iwwregens gëtt ab der zweeter Halschent am 2. Schouljoer matt Franséisch ugefaangen an dër Primärschoul wann ech gudd informéiert sinn. Also zur allgemeiner Informatioun: ech hunn däitsch-italieenesch Wuerzelen wéi esou vill Lëtzebuerger, dat huet matt der Arbed ze dinn wou ech spéider nach wäert bestëmmt eng Kéier drop zrëckkommnen. Ech sinn am gaangen eng Familljechronik ze schreiwen. A loose mech nëtt dovun ofbréngen, datt déi Dréisproochegkeet däitsch-franséisch geschriwwen a Lëtzebuergesch verbal wichteg sinn fir ons Identitéit. Dat ass och d'Ursach firwat ech hei mattmaan, wann der mech loost. (lanscht d'Englesch komme mer natierlech och nëtt wéinst dëm Internet an dëm Computer, also ech si keen Hinterwäldler. Wann der ën Thema sicht hei wir eent. Well um Festival des Migration ass ëtt och ën Thema: Quel Plurilinguisme pour le Luxembourg? Ech hunn d'Chamber schonns zougeschott matt deem Thema a wäert och an Zukunft nëtt lacker loossen. Ladyrosa

Moie Ladyrosa!

Du schreifs, "wann een dech giff loossen" giffs de gären iwwer d'Méisproochegkeet schreiwen. Ma do gëtt et nach munnech Themen, déi ausgeschafft kënne ginn, a sief et nëmmen iwwer d'Sproochen am Schoulsystem, asw.. Och (Im/E)migratioun an/aus Lëtzebuerg woart nach ëmmer op Artikelen. Do ass bestëmmt keen, deen dech giff zréckhalen! Hal just beim Schreiwen am A, (dat gëllt fr jiddereen, an all Artikel), dass dat hei eng Enzyklopedie ass a kee Meenungsforum, dh, en Artikel eben am 'Stil' vun engem Lexikonsartikel geschriwwe soll sinn, an och inaltlech sou 'neutral' a 'komplett' wéi méiglech soll sinn. Vill Spaass wënscht de --Zinneke 21:17, 17 Mäerz 2006 (UTC)


Ech hun emol Sproochen am Schoulsystem e besschen ausgebaut. Besonneg d Sproochesituatioun am Technique wor komplett falsch. Meng Quellen: www.men.lu