Diskussioun:Maitrank

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Alibi fir d'Sëffer[Quelltext änneren]

"fir de Kierper nom Wanter z'entgëften.": Dat ass eng Virstellung vu "Volleksmedezin", déi wëssenschaftlech absolut net op de Bee stoe bleift. An der däitschsproocheger geet Rieds vun "wurde als medizinisches Getränk zur Stärkung von Herz und Leber im Kloster ..." An der franséischsproocheger ass et nees eppes anescht, do geet et ëm "possédait des vertus médicinales (cholérétique-cholagogue-tonique et antispasmodique)" An der nl-Wikipedia fänkt et schonns u geféierlech ze ginn, do schreiwe se vun "maar bijvoorbeeld in 1970 in Duitsland wettelijk aan banden gelegd wegens zorgen om de mogelijke toxiciteit ervan." Déi engleschsproocheg Sëffer sëtze schonns mat engem Aarschbak virum Riichter, wa se dëst liesen "Commercial May wine produced in Germany itself is made with artificial flavoring and coloring agents since the 1980s, as the use of woodruff in commercial preparations was made illegal in Germany." De "COUNCIL OF THE EUROPEAN COMMUNITIES" gesäit dat Ganzt méi profan: Déi soen hei ( http://www.wipo.int/clea/fr/text_html.jsp?lang=en&id=1681 ) datt et ëm aromatiséiert Gesëffs geet, also ëm "an aromatized drink obtained from dry white wine in which asperula odorata plants have been macerated or to which extracts of asperula odorata have been added, with the addition of oranges and/or other fruits, possibly in the form of juice, concentrated or extracts, and with maximum 5 % sugar sweetening ..." ouni vun der "krampléisender" oder "entgëftender" Wierkung ze braddelen. Ech fannen et net gutt, den Areler Sëffer e medezineschen Alibi ze ginn, datt déi "eppes fir hir Gesondheet" maache wëllen. --Cornischong 09:11, 23. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

An elo steet de Kabes mat den '"toxines de l’hiver" op Frankophonistesch dran, an dat zënter e puer Wochen. Bis de "Mai" sinn et jo nach eng dräi Méint ..................--Cornischong 08:48, 6. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]