Diskussioun:Mars Science Laboratory

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Heiraus leede sech aacht konkret wëssenschaftlech Aufgaben of:

  • d'Erfaassung vun der Zesummesetzung an d'Unheefung vu kuelestoffhaltegen organesche Verbindungen
  • d'quantitativ Miessung vun de Grondbausteng vum Liewen (Waasserstoff, Stéckstoff, Sauerstoff, Kuelestoff, Phosphor an Schwiefel)
  • d'Sich no Strukturen, déi op biologesch Prozesser hindeiten
  • d'Analys vun der Marsuewerfläch no hirer mineralogescher, cheemescher an Isotopen-Zesummesetzung
  • d'Erfuerschung vun de Prozesser, déi de Buedem an d'Fielsen geschaf a beaflosst haten
  • d'Feststellung vun der aktueller Verdeelung an dem Zoustand vum Waasser a Kuelestoffdioxid
  • d'Analys vun der Atmosphären-Evolutioun iwwer en Zäitraum vu 4 Milliarde Joer
  • d'Erfaassung vum Stralungsniveau a -spektrum op der Marsuewerfläch
  • d'Demonstratioun vu Laangstrecken-Fortbewegung (5–20 km) um Mars
  • d'Prezisiounslandung an engem Zilkrees vun 20 km Duerchmiesser
  • d'Validéierung vun der Méiglechkeet, e schwéieren a grousse Rover um Mars ze landen (wichteg fir eng spéider Mars-Sample-Return-Missioun)


Hunn ech mech verzielt ?? --Les Meloures (Diskussioun) 18:08, 15. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]