Diskussioun:Maternité Grande-Duchesse Charlotte

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

déi éischt ?[Quelltext änneren]

Am Text steet: ... a war domatt déi éischte Maternité am Lëtzebuerger Land.
Souwäit ech weess war virdrunn d'Maternité am Pafendall an der fréierer "Reiterkasären". Weess ee méi doriwwer? --Pecalux 05:16, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

An der Brochure vun der Maternité steet:
"La Maternité Grande-Duchesse Charlotte, première maternité du Grand-Duché de Luxembourg, a ouvert ses portes en 1936." D'Wuert "première" kann sech eventuell och op d'Zuel vun de Gebuerten bezéien.
Am Memorial N° 25 vum 5. Mee 1877 gouf d' "Loi du 15 avril 1877, concernant la création d'une école d'accouchement et d'un établissement de maternité." publizéert. Dat mat der Maternité am Pafendall ka stëmmen, weider Informatiounen hunn ech bis elo awer nët. --Fliedermaus 07:17, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech giff bal sëcher soen datt sech dat première op déi 'gréissten' bezitt. --Alexandra 07:25, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
De Sazdeel "a war domatt déi éischte Maternité am Lëtzebuerger Land" gouf elo am Artikel geläscht.--Fliedermaus 07:29, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
Op dësem Site si Fotoen mat der Erklärung dass vun 1877 bis 1936 an der Reiterkasären eng Königlich Grossherzoglich Hebammenschule und Gebäranstalt war. Iwwregens: de Charly Gaul ass den 8. Dezember 1932 do op d'Welt komm. --Pecalux 07:34, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]
An engem Dokument vum Henri Kugener mam Titel: Geburtshygiene. Unter besonderer Berücksichtigung der Verhältnisse in Luxemburg. stinn nach méi Informatiounen doriwwer.--Fliedermaus 07:51, 27. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Architekten[Quelltext änneren]

Moien, hei geet vun engem Paul Meller Rieds. Soll dat nat eventuell de Pali Meller sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:15, 12. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Gutt gesinn. Dem däitsche Wiki-Artikel no kann et bal nëmmen dee sinn. "Pál" ass ungaresch fir Paul, vläit huet e sech an Dokumenter hei esou genannt (oder 't ass en Tippfeeler). Ech änneren. --Zinneke (Diskussioun) 13:43, 12. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]