Diskussioun:Mathias Joseph Gehlen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, Ech si mer es nach ëmmer net kloer, wat esou Extraes un engem Chef de Gare ass, datt jiddereen, deen ee war (an duerch soss näischt Bemierkenswäertes an d'Posteritéit iwwergaangen ass) en Artikel misst hunn. Bei Joseph Junck verstinn ech et - et gëtt eng Strooss déi no him genannt gouf. Mee anerer? Oder anescht gefrot: Ass e Chef de Gare eppes substantiell aneschters ewéi soss iergend e "Chef" vun engem Service, enger Verwaltung, engem Gebai, etc. (Schleisewiechter, Gérant vu engm Kulturzentrum, Koordinator vum Service vun engem Spidol, ...)? --Zinneke (Diskussioun) 09:42, 30. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech mengen et geet dem Auteur éischter drëm d'Leit déi den ordre de la couronne de chêne kruten opzelëschten. Dee kritt wuel net grad jiddwereen (huelen ech mol un). --Les Meloures (Diskussioun) 09:48, 30. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
D'Fro vun der Relevanz ass a ville Fäll eng ganz schwiereg. Vu datt d'Gare Lëtzebuerg déi wichtegst Gare zu Lëtzebuerg ass a vu datt d'Cheffe vun där Gare (besonnesch virum 2. Weltkrich) ganz allgemeng als Perséinlechkeeten unerkannt waren, wéi et aus dem Buch 100 Joer Gare Lëtzebuerg ervirgeet, duecht ech déi Leit wieren et derwäert an der Wikipedia op Lëtzebuergesch ernimmt ze ginn. --Robby (Diskussioun) 22:02, 30. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Och mir schéngt hei de Critère vun der Relevanz net erfëllt ze sinn. E Grad am Ordre de la Couronne de chêne kréien z.B. d'Staatsbeamten 'automatesch' all ?10 Joer. En héiche Posten an enger Verwaltung, och a Kombinatioun mat der Couronne de chêne, gi mMn eleng net duer fir de Relevanzcritère op der Wiki z'erfëllen. --Cayambe (Diskussioun) 09:09, 31. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien och, wa mer iwwer d'Relevanzen ufänken ze diskutéiren solle mer dat eng Kéier am allgemenge maachen. Wou fänken se un a wou halen se op. Da wäerten nach vill Artikelen en Datz kréien. Et ass just schued datt se net am Artikel vun der Gare ernimmt sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:39, 31. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]
Well, wéi de Robby schreift, "d'Cheffe vun d[er Stater] Gare (besonnesch virum 2. Weltkrich) ganz allgemeng als Perséinlechkeeten unerkannt waren", wier et vläit gutt, deem an engem Artikel Chef de Gare Rechnung ze droen, an domat d'Relevanzfro ze entschäerfen. --Zinneke (Diskussioun) 12:01, 31. Jan. 2013 (UTC)[äntweren]