Diskussioun:Maurice Couve de Murville

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien!

De Stalin huet OCH zu den Alliéierte gehéiert, huet sech awer net an déi franco-franséisch Problemer agemëscht.

De Roosevelt an den Churchill hu wuel eng Zäit op de Giraud gesat, hunn awer geschwë verstanen, datt de Generol de Gaulle politesch méi lass hat a méi Ënnerstëtzung an der franséischer Bevëlkerung géif genéissen. De Giraud ass du vun den anglo-amerikaneschen Alliéierte fale gelooss ginn, awer net vun "den Alliéierten".

Dem sougenannte Les Meloures seng permanent Zensur a Besserwisserei geet definitiv duer! Wat hien anere Leit - zu Onrecht - als Vandalismus virgehäit, ass genee dat, wat hie selwer mécht. D'lb.wikipedia ass net seng exklusiv Sandkëscht... - C.

Wat huet de Les Meloures hei verbessert wat en net hätt sollen. Kann dat preziséiert ginn.
Ech kann awer der IP déi hei schreift gär hire Vandalismus fir dee se schonn eng Kéier gespaart war noweisen --Les Meloures (Diskussioun) 12:19, 18. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]

Wien huet sech mat wiem musse verdroen[Quelltext änneren]

wou e sech mam Generol Henri Giraud a Verbindung gesat huet, a spéider, wéi die sech op Drock vum Churchill a vum Roosevelt huet misse mam Chef vun der France libre, dem Generol Charles de Gaulle, verdroen

Dat do ass eng simplistesch an net ganz richteg Duerstellung vun den Evenementer an den Tatsaachen déi sech éischter lues entwéckelt hunn. Den de Gaulle war nämlech den Tockskapp de sech net wollt verdroen an net wollt an Afrika goen fir eppes zesumme mam Giraud op d'Been ze stellen. Eréischt wéi d'Englänner him de finanzielle Krunn wollten zoudréinen huet en noginn. De Roosevelt a besonnesch den Eisenhower hunn am Ufank éischter op de Giraud gesat awer den Churchill huet am de Gaulle de bessere Politiker gesinn.
Chronologesch ass d'Affirmatioun och falsch, well wéi Couve de Murville am Mäerz an Afrika koum, war dee Problem datt déi 2 sech sollte verdroen schonn zanter der Konferenz vu Casablance am Januar geléist, an dem Monnet säin Afloss op de Giraud an d'Tatsaach datt de Giraud net méi sou vychistessch agestallt war ass dobäi och net ze vernoléissegen. Et wieren vill aner Saache an dëser Biographie méi wichteg wéi sou Spéngelsschëssereien.
Wann hei gesot gëtt datt den de Gaulle him net getraut huet, da wier et flott wann déi Sätz déi dat solle beleeën kéinten zitéiert ginn. --Pierrenilles (Diskussioun) 09:11, 23. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]