Diskussioun:Philipp Melanchthon

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Melanchthon)

Salut! An der Iwwerschrëft misst Melanchthon stoën. Et feelt een h nom t! Merci fir d'Verbesserung! Didi

De Melanchton huet op enger Versammlung vum Räichstag, déi zu Augsburg stattfonnt huet, déi evangeelesch Säit ("Partei") vertratt. De Räichstag war kee Gebai, mee eng järlech oder aussergewéinlech Versammlung, déi hei oder do vum Keeser (dee jo keng Haaptstad hat) organiséiert gouf. Deemno ass "am" Räichstag net richteg. Oder gesinn ech dat falsch? Gréiss, C. (30/03/2021)
Moien,
  1. Et ass ubruecht datt een do äntwert wou ee gefrot gouf.
  2. Datt de Reichstag kee Gebai a keen Dag ass oder war, mä eng Zort Parlament (wann een dat fir déi Zäit sou kann nennen), dat ass bekannt. Leit déi a sou Gremien ee vertrieden, si Vertrieder am Gemium, am Parlament, am Senat, an der Chamber, am Bundestag, am Landtag an deemno an deem Sënn och am Räichstag. --Les Meloures (Diskussioun) 17:20, 30. Mäe. 2021 (UTC)[äntweren]



AM europäesche Sommet vu Lissabon? Neen, UM...

Deemols war e Räichstag eng geleeëntlech Versammlung (zu Speyer, zu Worms, zu Nürnberg asw., ebe grad do, wou de Keeser sech opgehalen huet) wou "getagt" gouf, a soss näischt.

Gréiss, C.