Diskussioun:Michel-Rodange-Monument um Knuedler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

François Demuth vs Henri Demuth[Quelltext änneren]

Moien,

Verschidde Quelle ginn un datt de François Demuth bei den Aarbechte fir d'Monument bedeelegt war. An dësem Dokument steet awer en H. Demuth, Professer an der Handwiekerschoul. Do ass et effektiv en Henri Demuth ginn. Huet nach een aner Quell fir méi iwwer déi Saach gewuer ze ginn?--Fliedermaus 09:23, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien och, am LuxLex steet de François Demuth als Co-Sculpteur vum Fiisschen... an och vum Adler-Monument zu Duelem (Réimech). Och hei (Legilux) steet de François Demuth als Sculpteur vum Monument. --Cayambe 11:37, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci. Dat hat ech och scho gesinn. Et steet och nach am LuxLex datt hie Sculpteur war, mä soss gëtt een ausser sengem Gebuertsjoer näischt do gewuer. Vläicht huet de Kënschtler jo och "François-Henri Demuth" oder "Henri-François Demuth" geheescht. Am Buch "Anthologie des Arts au Luxembourg" ass eventuell méi ze fannen.--Fliedermaus 12:00, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Et ka gutt sinn datt 'déi zwéin de selwechte sinn'. Kanns Du dat an der Anthologie des arts au Luxembourg nokucken? --Cayambe 14:33, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dat Buch selwer net a kréien et normalerweis an nächster Zäit och net an de Grapp.--Fliedermaus 15:33, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Ok, ech hunn d'Buch an der BNL bestallt, këmmere mech drëm. Beschte Gréiss, --Cayambe 16:31, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Tiptop. Merci.--Fliedermaus 16:37, 1. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Pierre Mergen vs Jean-Théodore Mergen[Quelltext änneren]

De Medaillon um Monument ass mat J TH MERGEN 1932 signéiert (ech war selwer dohi kucken). Et gesäit een och op dëser Foto.

Am Artikel gouf de Pierre Mergen (deen och Sculpteur war) duerch de Jean-Théodore Mergen ersat.--Fliedermaus 14:07, 2. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

An der Anthologie vum Lambert Herr, ass weder e Pierre Mergen nach de J TH MERGEN genannt. Och am LuxLex gëtt et se net. :-(--Cayambe 16:27, 2. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Op der Nordsäit vum Knuedler, tëscht deenen zwéi Passagen déi an d'Paschtoueschgaass féieren.

Zanter wéini féieren zwéi Passagen an d'Paschtoueschgaass? --Les Meloures (Diskussioun) 18:33, 19. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
Et ass eemol de „Passage de l'Hôtel de Ville“ (Haus 16 um Knuedler → 18 Paschtoueschgaass) an en anere Passage am Eck vum Knuedler (Haus 22 um Knuedler → 1 Plëss d'Arem). GilPe (Diskussioun) 20:21, 19. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]
OK. wann een déi schmuel Gallerie wëll als Passage bezeechnen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:47, 20. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]