Diskussioun:Miertchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Weess kee méi zu dësem Brauch? do gëtt z. B. esou e Sproch dee wärend dem Emzuch geruff gëtt , wou et em eng horeg Kaz geet--Marcus 09:34, 1 Mäerz 2006 (UTC)

Do geet et ëm wéi eng horeg Kaz...[Quelltext änneren]

Moien,

Ho ho ho
der Judd der lag im Stroh
das Stroh fing an zu brennen
der Judd fing an zu rennen

Dat ass net bei de Preise 1938, mä zu Veainen 2010, 't fënnt een et och bei Googles fir aner Joeren. Beim Syndicat d'initiative leeft esou e Schäiss ënner Kunst und Tradition... --Jwh (Diskussioun) 13:04, 10. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech sinn entsat! --Sultan Edijingo (Diskussioun) 16:21, 10. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Et gëtt Politiker oder soi-disant Politiker déi krute fir änlecht Gesabbels e Prozess gemaach. Et ass eben nach ëmmer net egal wie war seet. A Frankräich huet e Buergermeeschter seng Autoristioun net ginn fir Stolpersteng ze leeën. Wann en déi Autoristioun engem Araber versot hätt, da wier e gestengegt ginn. Sou en Ëmzuch verstéisst och nach warscheinlech géint e ganze Koup Sécherheetsvirschrëften. Mä am Numm vu Kunst und Brauchtum gëtt all Quatsch erlaabt. Ech hu mer virgeholl ni méi a mengem Liewen op Veianen ze goen. Mat sou Leit well ech näischt ze dinn hunn. --91.180.230.72 16:34, 10. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci Jwh, 'T ass fir d'éischt datt ech dovunner héieren hunn. Anscheinend huet nach kaum een sech bis elo dru gestéiert... Ech hunn deen "Ausdrock vu Konscht an Traditioun" emol an den Artikel gesat, well dat ass es "derwäert", méi "relevant" ze ginn. --Zinneke (Diskussioun) 23:43, 10. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Summersonnewend?[Quelltext änneren]

De Brauch géing "op d'Summersonnewend zeréck". Déi ass awer an der Nordhallefkugel op Gehaansdag. Dat schéngt mer e bësse vill laang hier... Ma och d'Equinox vum Hierscht oder d'Wantersonnewend sinn iwwer e Mount ze fréi, resp. ze spéit, wann et da soll un e Joreszäiten-Evenement gebonne sinn ... --Zinneke (Diskussioun) 13:57, 18. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]


All Märtesbrauchtem (Martinsfeuer etc) geht ob déi Traditiounen zereck déi vun eisen heedneche Viirfahren ëm November gefeiert gin. Trauliichtfest (Samhain oder Halloween) geheiert och do dozou. Beim Martinsfeuer Brauchtem handelt et sech em e Symbolescht d'Fest wou laut der regionaler Mythologie de Sonnegott Balder stierwt (Wanterufank => de Summer gëtt verbrannt). D'Faierbullen déi gedreihnt gin während dem Ëmzuch stellen d'Sonn duer. An der indogermanescher Mythologie gett de Sonnegott vum Séilevugel (Schwan oder Gäns) an d'Hel, also an d'Ënnerierdech Raich verschleeft. Dohier kënnt och de Brauch vun der Martinsgans. An wann een d'Natur beobachtet dann wees een dass am November d'Hougänse an de Süde fléihen. An wann een dee wonnerbare Spektakel um Himmel gesait da wees een dass de Wanter ukomm ass. Et gett och e Sprachwuert waat seet: "Hougänsen huelen de Summer mat!" Ob der Wantersonnwend gëtt d'Sonn dann "eremgebuer"! Dëst Brauchtem ass ural an een schéinen Iwwerbleibsel vun eise Viirfahren. Et geet em éichter Stell dorems d'Joer intensiv ze erliewen. Sai Bewosstsin an Aklang mat der Natur ze bréngen an dems een déi Joreszaiten mat hëllef vun de Braich an der Mythologie kann verdéiwen an astëmmen. Dausende vu Joren feieren Menschen schon a ganz Europa an soss iwwerall ob der Welt sou Gebraich. Wisou sollt een daat oofschaafe wëllen? Dass daat Lidd do gesonge gëtt ass e regionale kuriosum den menger Meenung no naicht mam originale Miertchen ze din huet. D'Lidd sollen se eweg loossen, mee de Brauch wier schued wann den nemmei géing gemach gin, well domadd verléiere mir erem e Stéck ural Kultur méi. Mir haaten esouvill flott Gebraich na virun 40 Joer hei am Land déi lo bis ob e puer weineg Ausnahmen nemmei do sin. De Miertchen mat den Mythologeschen Hannergrënn fënnt een och am Edmond de la Fontaine, Dicks, senge Schrëften erem. Hoffen daat konnt e besse weider hëllefen. Daat waat ech geschriwen hun staamt aus de Quellen vum Simrock, Grimm, Dicks an vum Henning, alles Ethnologen an Lokalhistoriker déi sech mat Brauchtem ausernaaner gesaat hun.

Dorobshin gouf och déi Strof déi mat "Hänes" ufänkt gestrach.

Wien huet déi gestrach a wéini a wie wees dat nach ? --Les Meloures (Diskussioun) 08:52, 24. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]