Diskussioun:Moien (Begréissung)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ën Artikel wéi "Moien" gehéiert, menger Meenung no, och an der lëtzebuergescher Versioun vun de fräier Enzyklopedie vun Wikipedia, genausou wéi Artikelen wéi "Hallo", oder souguer "trinken" an der däitscher Versioun stinn. All Sprooch huet alt séng Aart a Weiss sech ze begréissen, d'Wuert "moien" huet op lëtzebuergesch och nach eng zweet Bedeitung, op franséisch "matin", waat seng spécificité ausmescht. An Däitschland kann een zum Beispill nët "Morgen !" nomëttes soen, waat awer mat dem lëtzebuergeschen "moien" méiglech ass. Ech huelen un dat de lëtzebuergeschen Wikipedia nët nëmmen fir Lëtzebuerger geduecht ass, mee och fir Leit, déi eis Sprooch léieren an déi alt mol eppes driwer nokucken wëllen. An och wann den Artikel nach nët komplett ass, all ugefangenen Artikel kann enges Dags vergréissert a verbessert gin, waat jo och een vun den Zieler ass vun Wikipedia; an en steet menger Meenung besser do, wéi wann en guer nët géing do stoen.

Moien, d'Diskussiounhuet erginn, datt den Artikel gehale gëtt a wa méiglech ausgebaut soll ginn.
Een Aspekt wier z.B., a wéi wäit de Gebrauch vu "Moien" sech an der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich geännert hat, wéi et verbuede war, an der ëffentlechkeet franséisch ze schwätzen (an deemno "Bonjour" ze soen). Ech hunn do nach keng konkret Quell dozou fonnt, vläit huet een eng? --Zinneke (Diskussioun) 10:21, 10. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]