Diskussioun:Mokuss

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Huet een e Buch doriwwer oder wou kann ee méi doriwwer gewuer ginn? --Otets 14:23, 13 Januar 2006 (UTC)

Ëm Gottes Wëllen, wou hues de dat da fonnt? Also ech sinn awer lo mol gespaant ween doriwwer soll e Buch hunn. Myriam 15:01, 13 Januar 2006 (UTC)

Neen, ech bréngen et net fäerdeg deen ze läschen. Dee muss onbedéngt versuergt ginn. Mer mussen eng Sammlung vun deenen originellsten Hoaxe maachen. Mäi Respekt!! An dat an den Zäite vum Nuebelpiercing:-)))))))))) --Cornischong 21:15, 13 Januar 2006 (UTC)

Wat ass dann en Hoax ? An wann nach méi esou Bréich kommmen, soll en d'Kat net an der Mehrzahl machen ? --Alexandra 22:22, 13 Januar 2006 (UTC)

Halli. En Hoax ass e Bluff. Dat heescht, dat gëtt et net. A wann nach méi (richteg Bräich !!) komme sollten, da kéinte mer se Cat:Bräich nennen. Wann awer een eng besser Iddi huet ... --Cornischong 22:51, 13 Januar 2006 (UTC)

Nee, eng besser Idee hunn ech net. Wéi wier et dann mat enger Kat. Hoax.... :-) --Alexandra 22:56, 13 Januar 2006 (UTC)

Neen, mer mussen dat kloer vum Rescht vum Zoo trennen. Soss gleeft nach een dat. An der däitscher gëtt et (ech fannen dat lo net direkt erëm) en Eck wou se déi Saachen (et gëtt do ganz flott Saachen, déi terribel gutt sinn, mee just net stëmmen) kënnen an d'Vitrine stellen. --Cornischong 23:02, 13 Januar 2006 (UTC)