Diskussioun:Monemvasia

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat gesi mer op de Fotoen? En Iesel, eng enk Gässel, e Fiels hanner deem Monemvasia läit, e Bam, .... just net d'Uertschaft. De Lemma ass Monemvasia! Firwat dann hei der Dout an der Däiwel, mee just keng Uertschaft? --Cornischong 23:15, 28 Oktober 2007 (UTC)


Moien
Monemvasia läit op senger zum Mier gekéierter Südost-Säit op engem Fiels vun ca. 300 Meter Héicht an 1,8 km Breet.
Ech verstinn dat do net Les Meloures 23:34, 28 Oktober 2007 (UTC)

"Monemvasia ... läit op engem Fiels ..." Sou lues kann ech mer guer näischt méi drënner virstellen. Op enger Plaz steet, datt de Fiels net méi bewunnt ass, op deeër anerer, datt d'Stad (wann et dann eng sollt sinn!) op engem Fiels läit. Ass d'Insel dann elo de Fiels, op deem e Fiels steet? Et wier och emol gutt ze wëssen, ob Monemvasia eng Insel ass oder net. --Cornischong 11:04, 29 Oktober 2007 (UTC)

Et gëtt Wikien wéi déi spuenesch an déi englesch déi behaapten at wier eng Hallefinsel. Et kann een et dréine wéi e wëllt an dësem Fall dierft et schwéier z'ënnerscheeden tëscht:

1) de Fiels steet op enger Insel

2) d'Insel ass ee Fiels

3) d'Insel ass op engem Fiels

4) et ass eng Insel op engem Fiels op deeër nach ee Fiels steet. Les Meloures 11:28, 29 Oktober 2007 (UTC)