Diskussioun:Monkey D. Ruffy

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dei Seit as ziemlech Gutt, hued mir bei menger Hausaufgaab gehollef. Grouse Louff an Merci fie den Auto!! Aro&J-D (Diskussioun) 13:32, 22. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]

Dat kann och nëmmen ee behaapten dee grad sou schlecht Lëtzebuergesch schwätzt a schreift wéi den Auteur. (net den Auto. Autoe kënne meeschtens net schreiwen an net liesen). Op där Säit stinn iwwer 100 Feeler vun de verkuokelte Sätz ofgesinn. Wann dat Universtéitsniveau ass da sinn ech den Einstein an de Möbius zesummen. Ech verstinn och net wéi engem mat sou engem Aarmut ka gehollef ginn. --87.64.59.46 14:18, 22. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien, do bleift effektiv nach jett ze verbesseren: -n Reegel, Tippfeeler, syntaktesch queech Sätz, mysteriéise Vokabular (wat der Däiwel ass e "Revoltsionist"?), asw. Net opginn, a leet nach eng Schëpp no. --Zinneke (Diskussioun) 15:16, 22. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]
Ed liest en ed schon viel méi besser an fleissend.
Wéi kann ee Mënsch mat gesondem Mënscheverstand sou eppes vun deem Artikel behaapten. Et goufen allerlee Linken agesat awer kee Pond un der Orthographie verbessert, a wann da scho guer net vum Auteur. Ech froe mech op dat net vläicht ee vun de sougenannte Surdouéen ass an dofir kee Lëtzebuergesch kann. --87.64.59.46 15:41, 24. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]
Nach eng Kéier: Den Auteur soll sech w.e.gl. vun engem Lëtzebuergesch-Mammesproochler hëllefe loossen. Do sti Sätz a Wierder ouni Sënn a Verstand. Ech hat de Kéis, nach weider ze probéieren, ze roden, wat kéint gemengt sinn, an hunn dofir eng Partie Text "verstoppt". Eréischt, wann dee verbessert ass, gëtt e siichtbar gemaach, soss flitt e ganz eraus. --Zinneke (Diskussioun) 14:42, 2. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Wou geseit een den Hidden Text Corto lu (Diskussioun) 20:05, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Wann een d'Säit am Quellentext kuckt; alles, wat tëscht <!-- an --> steet.--Zinneke (Diskussioun) 09:51, 5. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Verbesserung sind noch möglich, aber mach weiter so! Wir sollten den Schüler motivieren und ihm helfen, anstatt ihn zu demotivieren. Aro&J-D (Diskussioun) 11:01, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Et deet mer leed awer d'Mataarbechter vun der Wikipedia sinn net hei fir Schoul ze halen an Hausaufgaben ze verbesseren. Probéier mol fir sou een Text voller Feeler an déi däitsch Wiki ze setzen. Ech si gespaant wéi laang datt deen dann iwwerlieft. --Les Meloures (Diskussioun) 20:31, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Hei matzeschaffe setzt minimal Fäegkeete viraus: Sech verständlech ausdrécken a kloer Gedanke formuléiere kënnen. Fir de Rescht ass op der Comics-Projetssäit laang a breet erkläert, wat alles erwaart gëtt, dofir widderhuelen ech dat net nees eng Kéier hei. Offensichtlech ass dat Verschiddene schonn ze vill, dat ze liesen, geschweichs, et och ze maachen. Sou komme mer hei net virun. Wann et sech, wéi s de schreifs, effektiv ëm Schüler, an net Studenten handelt (wat ech staark hoffen, well soss kënne mer d'Uni och gläich zou maachen) da sinn déi hei wëllkomm, soubal se bis dat Néidegst geléiert hunn, wéi een e Sachtext schreift a fir eng Publikatioun a preparéiert. Dofir soll d'Schoul an de Lycée jo do sinn (soen se...). --Zinneke (Diskussioun) 11:17, 5. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

D'Stréimännchen-Band[Quelltext änneren]

Ass dat engem Stréimännche seng Band? Wees den Auteur wat e Stréimännchen ass? --87.64.59.46 18:56, 2. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Damit ist die ,Strohhutbande‘ gemeint. Aro&J-D (Diskussioun) 10:52, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Jongen, Wikipedia-Artikele sinn net do fir ze roden, wat kéinnt gemengt sinn, mee fir akurat Informatiounen ze ginn. A Korrekture sollen net op der Diskussiounssäit beschwat, ma op der Artikelsäit gemaach ginn. --Zinneke (Diskussioun) 09:55, 5. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

a verléisst säin Duerf Eastblue

Ass Eastblue wierklech en Duerf. A wat ass mat der Windhofmühleninsel lass. Ass dat net säin Duerf? An heescht dat wierlech esou?

Et deet mer leed, mä hei gëtt en Artikel vun engem soit-disant Universitär gekniwwelt, dee kee Lëtzebuergesch kann an dee menger Meenung no nach keng zwou Säite vun deem Anime gelies huet, soss kéinte keng sou Feeler a schlecht Renseignementer hei opdauchen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:06, 2. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Einen Anime sieht man, man liest den nicht. Der Eastblue soll eine Umgebung darstellen, vergleichbar mit einem Kontinent. Aro&J-D (Diskussioun) 10:55, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Der Eastblue soll eine Umgebung darstellen, vergleichbar mit einem Kontinent
Jo Merci, firwat stoung dann am Artikel et wier en Duerf. Leit op der Uni missten awer bal den Ënnerscheed tëscht engem Duerf an engem Kontinent kennen. An da wësse mer nach ëmmer net wat mat der Windhofmühleninsel lass ass.--Les Meloures (Diskussioun) 20:25, 4. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Firwat gëtt et e sonnert Kapitel iwwer "Kandheet", wann et schonn een iwwer "Biographie" gëtt, wou zu engem groussen Deel dat selwecht steet, oder esouguer Detailer, déi bei "Kandheet" net stinn? Sollt dat net besser als Ënnerkapitel dovu behandelt ginn, schonn eleng fir net fir d'Drëtt Informatiounen ze widerhuelen, déi schonn uewendriwwer stinn?--Zinneke (Diskussioun) 09:48, 5. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

... ofgesinn dovun, datt d'Kapitel "Kandheet" erëm staark den Androck vermëttlet, et wier net eng Kéier iwwerlies ginn, sou wéi d'Sazzeechen, Syntax a Lexik plazeweis doruechter hänken. --Zinneke (Diskussioun) 10:07, 5. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Zur Läschpropos[Quelltext änneren]

Souvill Schreiffeeler sinn am Artikel och net. Den Artikel ass komplett, a keng Skizz déi aus 6 Wierder besteet, wéi 3/4 vun dëser Wiki. Déi Läschpropos ass mMn absurd. Ouni en Artikel iwwer de Manga One Piece ass den Artikel iwwer de Monkey D. Luffy natierlech net ganz verständlech. [...] --185.106.24.16 14:17, 22. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]

Et gëtt jo suguer en Artikel iwwer One Piece - da feelt jhust nach e Portal iwwer Comics, fir all dës Artikele beieneen ze halen. --185.106.24.16 14:19, 22. Jan. 2021 (UTC)[äntweren]