Diskussioun:Mouer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"En hautdesdaags iwwerlieften Ausdrock fir e Mënsch mat "schwaarzer Hautfaarf": kuckt Mouer (Mauretanien) ": Wiem e besseren Titel afällt, hieft de Fanger. Merci. --Cornischong 13:00, 26 September 2005 (UTC)

Mouer vs Supp[Quelltext änneren]

All Mouer ass eng Supp, awer nach laang net all Supp ass e Mouer, déi meescht Fiichtwissen kann en als Supp bezeechnen, wougéint e Mouer muss Torfmooser enthalen an op eng bestemmt Manéier entstaan sinn etc. Sou ginn/gouf et zou Ltz kéipweis Suppen awer nemmen ganz wéineg Moueren. –Marcus 13:19, 26 September 2005 (UTC)

"mënsche mat schwaarzer hautfaarf"[Quelltext änneren]

Moien,

Ech froe mech, ob mer eis hei d'liewen net onnëtz schwéier man: wee seet da "Mouer" zu enger "Persoun mat schwaarzer Hautfaarf"? "Schwaarzen", "Faarwegen" wieren Ausdréck vun haut, "Neger" ee vu fréier, "Mouer" awer eng Zort Léiniwwersetzung vu "Mohr", dat och haut och am Däitschen éischter ongebräichlech ass an héchstens nach als Shakespeare-Zitat doruechter geeschtert ("Der Mohr hat seine Schuldigkeit getan...". Mee soss?

"Bei der Iwwerschwemmung zu New-Orleans hun iwwerproportional vill Moueren hirt Happ a Gutt verluer.." Ech mengen, do seet jiddferengem säi Sproochgefill, dass dat net geet.

Ech giff dofir dat mat der Homonymie ewechloossen, an de Befrëff exklusiv fir eng bestëmmten Zort vu "Feuchtgebiet" (dem Marcus säi Commentaire weist d'Richtung) gebrauchen.


--Zinneke 14:13, 26 September 2005 (UTC)

Ech muss mech erklären: Et geet mär ëm de Begrëff Mouer (Mohr!!!) an dobäi spillt dat hei am Land och eng Roll (mär hunn eng Mouerenaptikt an der Groussgaass a mär hunn Mouerekäpp, an zwar de Kichelchen a villäicht nach vill méi), dann huet de Mouer nach eng "net ganz onbeträchtlech" Roll an der Publicitéit gespillt wéi bei Ovomaltine, Sarotti Schockela (déi elo just de Mouer-Bouf ëmgefierft hunn, vu brong op gëllen!! . Am Wope vum neie Poopst ass e Mouer (eent vun den dräi Biller) drop!! Den Othello war e Mouer an esou weider ... bis zum korsesche Fändel. Sou einfach ass dat net:-)) Den neien DEutsch Luxemburgisches Wörterbuch mécht sech et vill mé einfach: Moor = Mouer oder Supp; a fäerdeg ass de Lack. --Cornischong 15:44, 26 September 2005 (UTC)