Diskussioun:Napoleon Bonaparte

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei feelt d'Auswierkung vum Napoleon senger Politik op Lëtzebuerg... Wier interessant ze liesen. Och: 1804 wor de Napoleon een Nomëtteg, eng Nuecht an e Muergen zu Lëtzebuerg. Nozeliesen beim jacques Dollar, 1979.Cayambe 16:41, 3 November 2007 (UTC)

Et ass net verbueden en Artikel weider auszebauen, et ass souguer gewënscht. Also: Trau dech! --Pecalux 08:39, 4 November 2007 (UTC)

de Bounekamp[Quelltext änneren]

Jo d'Quell, ma déi sichen ech - hat mir se notéiert, fannen de Wësch net méi. Mä ech siche weider - iergend eng Festbrochure, vu Pompjeeën oder esou eppes - vläicht weess soss een...--Jwh 19:01, 6. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]


De Bonaparte gräift d'Englänner un an ënnerschreift kuerz duerno de Fridde vu Lunéville mat hinnen. Wie schreift dee Blödsinn? De ganzen Artikel ass z'iwwerschaffen! Et geet definitiv net duer, datt een eenegermosse mat engem Kommputter kann ëmgoen an de Spellchecker astellt... - IP.


De Bonaparte gräift d'Englänner un an ënnerschreift kuerz duerno de Fridde vu Lunéville mat hinnen.
Wou steet dee Saz? --87.65.83.203 10:44, 2. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Wie seet, datt ee Saz ass? Do stoungen ZWEE Sätz hannerenneen: deen éischten hung an der Loft; an deen zweete war carrément falsch. Mee dat ass jo lo verbessert. - IP

An da muss jéidereen dreemen oder erausfannen datt dat kee Saz soll sinn. Wann eppes kee Saz soll sinn da schreif et och net sou, datt et als Saz verstane gëtt. --87.65.83.203 08:41, 8. Abr. 2020 (UTC)[äntweren]

Den Napoléon Bonaparte hat säin Numm fransiséiert, deemno mat engem Accent um 'e' vun Napoléon. Dat huet net geännert ze ginn wann een dat verbessert (mee de 'Lemma' ass ze verbesseren. Oder schreift Dir och Leon Blum oder Leon Gambetta? Den Napoléon III. huet - oh wéi komesch!!! - een Accent an der lb.wikipedia, an hoffentlech bleift dat sou. Mee verschidde Leit hunn ëmmer recht a falen zesummen iwwer déi 'Toperten', déi et woen, si an hierer Sandkëscht ze stéieren. Sou gëtt awer just de Wert vun der lb.wikipedia ruinéiert... - IP