Diskussioun:Napoleon (Russesche Kuch)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wat soll ee sech ënner enger Brandcrème virstellen? --Les Meloures (Diskussioun) 16:08, 30. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ech duet, déi wéisste vu wat se schwätzen. Et seet ee wuel éischter Mousseline dozou. --Otets 16:36, 30. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Do fannen ech Brandcrème nëmmen am Gebraddels an net am Rezept. Soss ass d'Wuert Brandcrème schwéier opzedreiwen. No deem wat drakënnt, kéint et eng Agebrannt Crème sinn, eng Crème brûlée wier nämlech schwéier an engem Kuch bannendran ze realiséieren. --Les Meloures (Diskussioun) 16:51, 30. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
D'Stéchwuert kënnt vun deer déi och d'Rezept ginn huet. Ass awer egal, et ass ganz sécher eng Mousseline, vu d'Ingredienzen. --Otets 17:00, 30. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hat schonn d'Fluede gemengt, well eng Lo besteet fir mech aus Flued+Crème, an et geet och drëms ze soen datt et kee Bliederdeeg mee Fluede sinn. --Otets 10:07, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]


E Flued ass op Lëtzebuergesch eppes ganz anneschters. Ech hat gemangt ech hätt dat an de Commentaire geschriwwen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:13, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Hm, do schéngt et wierklech keen idealt lëtz. Wuert fir Fladen/galette ze ginn. Den LWB seet zwar Flued kéint och als Fladen duerchgoen, mee et ass effektiv éischter Synonym vun Toart. A Lo ass éischter Lage/couche. A wéi sees de da fir "Fladenbrot" (ëmmerhin hu mer nach 4 Flueden an der Wiki déi keng Toarte sinn)? --Otets 12:22, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]


Meng Nosich an der Wiki huet zwéi Flueden erginn. Eng Kéier am richtege Kontext am Artikel Bakes an eng Kéier an der Cache. (vun dësem Artikel). Bei den anere geet vu Fluedebrout riets (schéngt och faute de mieux eng wikipedianesch Erfindung ze sinn). Mer hunn eben net fir alles déi richteg technesch Ausdréck. Dat misst een no 6-7 Joer Wikiaktivitéit awer bal erausfonnt hunn. An sou Fäll muss ëmschriwwen an duerch ganz Sätz erkläert ginn. Et ass net alles sou einfach. Richteg gesinn ass den Deeg wann e gebak ass, jo och keen Deeg méi. --Les Meloures (Diskussioun) 12:51, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, eng Kéier richteg bei Bakes, dräimol beim Brout (dovun zweemol vu mär), an eng Kéier hei mee net am Cache mee nach am Artikel. Soll ech hei da "ronn gebakenen normalen Deeg" schreiwen oder et einfach emol nach si loossen? Oder weess du wéi en Deeg dat heite mam "techneschen" Numm ass (Miel, Margrine, Ee, Mëllech an Esseg verknieden an da roue loossen, ier et fir 5 Minutte bei 200 Grad an den Uewe geet ouni et iwwerbaken ze loossen)? --Otets 13:27, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Wann een net wees wéi eppes bei ons heescht, well et dat warscheinlech ni bei ons gouf, da soll en den Numm gebrauche wéi déi Saach bei sech doheem genannt gëtt. Mer hu jo och fir d'Pizzaen an Spagetthië kee lëtzebuergescht Wuert erfonnt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:01, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Bei Pizzaen net, mee d'LWB seet e Flued wier e "Fladen, Flachgebäck", an datt et gemenkerhand mat Gebeess beluet gëtt schléisst jo awer net aus, et och ouni näischt als Wuert ze gebrauchen, gell? --Otets 14:11, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Just datt zu Lëtzebuerg wann eppes Flued genannt gouf, ni e Gebäck mat näischt drop gemengt war. D'Leit hunn net gebak fir näischt drop ze leeën.
Mee et wier dach bosseg, wann et hinne beim Flued ier e säi Belag hat d'Sprooch verschloen hätt, et huet dach sécher méi wéi eng Kéier een an der Kiche gesot, "gëff mer mol den xx eriwwer, ech leeën elo d'Quetschen drop". Oder soll ech am Artikel "Flueden" duerch "kompakt Flaachgebäck" ersetzen? --Otets 14:27, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ma neen, et seet doutsécher kee gëff mer mol den xx eriwwer, ech leeën elo d'Quetschen drop , well d'Quetschen, d'Äppel oder Gott wees wat nach alles, sinn drop ier den Deeg an de Bakuewe geschubst gëtt a gi mat gebak. --Les Meloures (Diskussioun) 14:35, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Hm, ech misst ufänken och Saachen ze baken déi een hei ze kafe kritt. Ech hunn elo vill gelies, mee kee seet wéi eng Deegzort dat ass déi ech hei driwwer beschriwwen hunn, der en-wiki no misst et awer eng Zort Mierfdeeg sinn (an der de-wiki stéiert den Zocker). Mengs de ech kéint also "ronnen dënne Mierfdeeg" wier richteg? --Otets 16:13, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hu keng Ahnung awer dem Bild no dat s de hei uwendriwwer verlinkt hues gesäit et aus wéi Panecher oder eng Galette. Et ass ebe schwéier eppes ze beschreiwe wat een net selwer kennt oder scho gemaach huet. Ech hu mer ugewinnt nach just Saachen op der wiki ze schreiwen déi mäi Kandskand géif verstoe wann ech em et erklären. Da sinn ech sécher datt d'Majoritéit et och versteet. --Les Meloures (Diskussioun) 16:21, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Dat Flaachgebäck ass ganz brécheg, also net wéi e Pangech mee éischter wéi eng Galette - woubäi Galette jo dat fr. Wuert fir dat dt. Fladen ass, wou d'Kaz sech nees an de Schwanz bäisst. De Problem läit effektiv dodran datt ech eréischt bei der Dokumentatioun (a wat iwwersinnen Aspekter ugeet eréischt dono) mäin Artikelsujet fachterminologesch kenneléieren. Et ass schonn droleg datt se och op kenger anerer Wiki d'Deegzort vu Flueden ernimmen. Mee soit, u sech hunn ech den Artikel iwwer Mierfdeeg dem Napoleon op d'Mooss geschriwwen, sou datt et elo egal wéi stëmmt. D'Fro ass just op et richteg ass. --Otets 17:46, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]