Diskussioun:Nassau-Weilburg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

Déi Lëscht ass jo net schlecht, mee heescht d'Haus vun de Lëtzebuerger Regenten nach ëmmer Nassau-Weilburg? Les Meloures 18:11, 9. Abr 2008 (UTC)


Déi Lëscht hunn ech aus dem Artikel "Herrscher vu Lëtzebuerg". Et misst ee fir richteg nach weider Lëschten oder Stammbeem do abréngen, well d'Haus Nassau-Weilburg ass jo net eréischt 1890 entstanen.
Et ass awer vläit 1912 um Enn gewiescht. Vu datt ech mech net mat de Regele vun Dynastien, Ierffollegpakten, traditionellem a modernem Nummrecht auskennen, hat ech mer et einfach gemat an d'Informatioun aus dem "Henri vu Lëtzebuerg" Artikel, datt den Heng ëmmer nach zur Dynastie Nassau-Weilburg gehéiert, einfach iwwerholl. Ëmmerhin ass hee jo och nach Herzog vun Nassau. Mee verschidde Sätz an der de-wiki loosse mech awer op d'mannst zweifelen: "1912 erlischt mit dem Tod [Wilhelms] IV. von Luxemburg (1905–1912) zwar auch die walramische Linie im Mannesstamm; über die weibliche Thronfolge besteht die Linie Nassau-Weilburg jedoch dort noch heute.", "1912 starb mit Wilhelm IV. das Gesamthaus Nassau in männlicher Linie aus.", "Nassau-Weilburg, jüngere Linie (1629–1912)", "die Großherzöge von Luxemburg [stehen] seit 1912 nur in weiblicher Folge der walramischen Linie."
Wann déi weiblech Linn elo géif matgezielt ginn (wat traditionell sécher falsch ass, met hautdesdaags weess ee jo ni), dann hätte mer nach ëmmer d'Haus Nassau-Weilburg um Troun, wann net dann net, mee wéi en Haus da weess ech net ganz sécher - vläit Bourbon-Parma ("Die Nachkommen von Felix und Charlotte sind die Großherzöge von Luxemburg, die streng genommen auch dem Hause Bourbon-Parma zugerechnet werden müssten. In Luxemburg zieht man aber den alten Namen Nassau (mütterliche Linie) vor.").
--Otets 19:05, 9. Abr 2008 (UTC)

A wann een den de-wiki-Kategorien dierft trauen, da gi mer regéiert vun 1890-1964 vum "Haus Luxemburg-Nassau", de Jang rechne se souwuel zum "Haus Luxemburg-Nassau" wéi och zum "Haus Bourbon-Parma", wougéint den Heng a seng Kanner zur komescher Kategorie "Haus Luxemburg-Nassau (Bourbon-Parma)" gezielt ginn, wat eng Ënnerkategorie vum "Haus Bourbon-Parma" wier. Alles onkloer? Wann net, da lies dës Explicatioun, duerno verstees de sécher näischt méi. --Otets 19:28, 9. Abr 2008 (UTC)

Oufftii, wat hu mer do een Duercherneen. Les Meloures 19:57, 9. Abr 2008 (UTC)