Diskussioun:Offiziell Sprooch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zu Lëtzebuerg ass dach 1984 e Gesetz gestëmmt gin, dat engersäits Lëtzebuergesch als Nationalsprooch unerkennt an Lëtzebuergesch, Franséich an Däitsch als offiziel Sprooch nennt.

vum 86.68.108.106

Sproochegesetz vum Februar 1984
An deem Gesetz steet neirens eppes vun offiziell
Les Meloures 00:27, 2 November 2007 (UTC)

"Art. 3. Langues administratives et judiciaires En matiére administrative, contentieuse ou non contentieuse, et en matière judiciaire, il peut être fait usage des langues française, allemande ou luxembourgeoise, sans préjudice des dispositions spéciales concernant certaines matières." Ass langue administrative nët als "langue officielle" ze verstoen?

vum 86.68.108.106

Gudden Owend,
Am Gesetz zielt just wat do steet, an dat ass net anescht ze verstoen, well soss dingt d'Gesetz näischt.
Les Meloures 00:46, 2 November 2007 (UTC)

Dat ass richteg. D'Saach ass jhust datt dat Gesetz op enger Motioun baséiert déi den 17 Juni 1980 eestëmmeg am Parlament gestëmmt gouf an ganz däitlech seet: "(...)biéd d'Regirung, gemäss dem Artikel 29 vun der Konstitutioun e Gesetzprojet ze préparéiren den de Status an de Gebrauch vun den offizielle Sprooche regelt". (CR, 62e séance, 17.6.1980, p.2238)

Addendum: De Legislateur wosst awer och, firwat en den Terme "offiziell Sprooch" an deem Gesetz vermeit huet (och nozeliesen an den Diskussiounen zum Gesetzesprjet): Soss missten z.B. all Gesetzer an Arrêtéën an dräi Sprooche publizéiert ginn, wat viraussetze géif, datt Lëtzebuergesch esou norméiert misst ginn, datt keng Zweedeitegkeete méiglech wieren. Dat fir säin Deel giff viraussetzen, datt e ganze Waasserkapp vun enger "Sproochakademie" hätt misse geschafe ginn, déi sech där Saaach ugeholl hätten. Kuerz: Eraus koum eng gesetzlech Léisung, déi näischt um Status quo geännert huet, an déi d'Aktioun Lëtzebuergesch zefriddegestalt huet. --Zinneke (Diskussioun) 12:17, 26. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]