Diskussioun:Opéra Garnier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

zwéin ---->zwee[Quelltext änneren]

Fir "vun den zwéin Operenhaiser" op "vun den zwee Operenhaiser" ze "verbesseren", ass ganz interessant, just, wéi ass et mat der Eifeler Reegel? --Cornischong 08:21, 9. Abr 2008 (UTC)


Tjo dat ass eng aartlech Fro, op déi ech keng Äntwert hunn. Gëllt d'Eifeler bei den Zuelen? Wéi wier et bei zwou Achsen? hunn ech mech och gefrot?

Les Meloures 08:41, 9. Abr 2008 (UTC)

An den Dativ? 't ass jo och net "vun de bloe Eemeren". --Cornischong 08:54, 9. Abr 2008 (UTC)

2[Quelltext änneren]

Moien, hei ass d'Léisung:

  • Männlech: zwéin (ëgs. och zwee)
  • weiblech: zwou
  • sächlech: zwee.

Well et 'dat' Haus ass, deemno: zwee Haiser.

D'Eifler Reegel gëllt beim -n vun "zwéin" wéi bei all aner Wuert op -n (ausser bei Nimm, viru Kommaen a Punkten), och.

--Zinneke 09:05, 9. Abr 2008 (UTC)