Diskussioun:Ousterbuer (Fiels)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"romantesch Plaz" - "esou interessant fond" - "Herrlech Weeër" - "eenzegarteg" - "laanscht deen herrleche Ouschterburer Weie" - "wonnerscheine Park" - "ënner aanerem geschnëtzten Holzfiguren wéi op den Ouschterinselen." - Kéint et sinn, datt dat Ganzt villäicht ganz e bëssen iwwerdriwwen ass? Do kritt ee jo Tréinen an d'Aen. An de Verglach mat de geschnëtze Figure vun der Ouschterinselen hippt op véier Been, d?Moaien vun der Ouschterinsel si bis zu 10 Meter héich an se sinn aus Steen. --Cornischong 23:47, 17 Januar 2006 (UTC)

Jo d'Relatioun zu den Ouschterinselen ass villäicht e bësse wäit hiergeholl, mee wat hues de géint Romantik? Myriam 23:24, 17 Januar 2006 (UTC)

Victor Hugo[Quelltext änneren]

D'Gedicht vum Victor Hugo, ennerläit jo net méi dem Copyright, firwat dat net heihinnerschreiwen.Johnny Chicago 23:57, 17 Januar 2006 (UTC)

Moien, Wann d'Baach Ousterbaach heescht an der Flouer Ousterbur firwat heescht dann de Fiels Ouschterbur Les Meloures 14:16, 31 August 2007 (UTC)

Entweder mer kréien den Titel vum deem Gedicht oder déi Saach flitt eraus. --Cornischong 21:38, 31 August 2007 (UTC)


Moien:

Op der topographescher Kaart heescht d'Baach och net Ousterbaach mee Ousterbur. Wéi komme mer hei un den Numm Ousterbaach. Les Meloures 21:46, 7 November 2007 (UTC)

A mat esou Méckepéilereie kréie mer hei d'Zäit erëm! --Cornischong 23:14, 7 November 2007 (UTC)

Mat 16 Stonne Presenz den Dag op der lb:Wiki kënnt mir op e puer Minutten Zäit net un. Wann natierlech sou Saachen net wichteg sinn da kann ech meng Kontributiounen och op eng Stonn den Dag reduzéieren. Les Meloures 23:32, 7 November 2007 (UTC)