Diskussioun:Péitruss

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Si entsteet aus dem Zesummefloss vun der Märelerbaach an der Zéissenger Baach, a leeft no e puer Kilometer an d'Uelzecht.


Soll daat alt stëmmen Les Meloures 17:29, 3 Oktober 2006 (UTC)


Dem Rapport Environemental, vun der Stad Lëtzebuerg, no [1]stëmmt et dass d'Märelerbach an Zéissenger Baach zu Hollerech zesummen d'Péitruss bilden. Wouhier staamt d'Informatioun vun der Quell vum Dippecherbesch? --Mulles 15:38, 6. Okt. 2009 (UTC)

Moie Mulles,

D'Stad Lëtzebuerg oder hire Service Environnement ass kaum zoustänneg fir d'Wasserleef am Land ze bestëmmen.

No der topographescher Kaart déi vum Kadaster opgestallt gëtt, an dem Service de la Gestion de l'eau, vum Inneministère ass d'Quell vun der Péitruss op dëse Koordinaten. (op 50 Meter genee) 49° 35’ 53’’ N 05° 59’ 32’’ E

Les Meloures 16:33, 6. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

OK ech sinn derbäi awer et ass eng Taatsaach, dass zwou Baachen zu Hollerich zesummekomme da muss jo eng vun den zwou d'Péitruss sinn: d'Märelerbaach oder d'Zéissengerbaach an déi hätt jo dann zwee Nimm. Egal wéi dat ass mir net ganz klor. --Mulles 10:21, 7. Okt. 2009 (UTC)

Remoien,

Ech fannen op kenger Kaart eng Märelerbaach, a bei der Waasserverwaltung gëtt och keng esou. Ech huelen un datt déi Stater d'Péitruss do esou nennen, well se vu Märel kennt.

Komescherweis fënnt een op der topographescher Kaart bei der Quell vun der Houbaach nieft dem Dippecherbierg och e Flouernumm Péitruss Les Meloures 13:07, 7. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]