Diskussioun:Paleographie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Thomas vun Aquin a seng Schrëft[Quelltext änneren]

"gëtt zum Beispill behaapt en hätt ganz schlecht geschriwwen." Wien behaapt dat? An, hat en eng schlecht Schrëft oder e schlechte Stil? --Cornischong 00:20, 29 Nov 2004 (UTC)

Meng Paläographie-Prof vum leschte Joer vu Metz, d'Mme Chazan, soot datt daat behaapt gëtt ënnert de Paläographen. Also datt en eng Sauschrëft huet an déi dowéinst eben schwéier ze entzifferen ass. Well den ursprünglechen Artikel esou "Encarta" war, hun ech mäi Cours vu leschtem Joer erausgekromt an deen op Lux iwwersaat. --Briséis 00:46, 29 Nov 2004 (UTC)

Et kënnt mär befriemend vir, datt an enger Enzyklopädie en Ausdrock wéi "et gëtt behaapt" steet; dat traut sech zuguer an der däitscher Wiki kee méi ze schreiwen. Mat der Zäit musse mer äis awer aner Grondlage verschafen wéi datt ee "sot datt dat behaapt gëtt". --Cornischong 01:12, 29 Nov 2004 (UTC)

Ma da so du mir wéi een daat aneschters ausdrécke soll. :-) --Briséis 01:32, 29 Nov 2004 (UTC)

De Problem ass jo deen, datt een mat der "gëtt zum Beispill behaapt" net wees, ween dat iwweerhaapt war, an, dat kribbelechst wat et an Noschlowierker ka ginn, si Behaaptungen. Iergendwéi huet iergeneen schon iergendeppes behaapt. A Behaaptungen beleeën näischt. Wann ech schreiwen, datt a Kirgisistan behaapt gëtt datt 96,8 Prozent vun alle Kierwerlécken homosexuell sinn, da kann keen sech eppes dofir kafen:-)). Wann d'Madamm Chazan zitéiert gëtt, datt eppes "ënnert de Paläographen" géif behaapt ginn, da kann iergendee kommen, a behaapten, et wier genau de Gégendeel, an dann? A mat der Schrëft vum Thomas von Aquin, do hätt een ewéi ech emol gären Zitaten vu Fachleit mat Titelen vu Bicher mat der Säitennummer; soss dauert et net ganz laang an da kommen déi Zitaten, déi iergendee "behaapt" awer leider net ugi kann wou dat steet. Eis Frënn vun doiwwer haten déi Konscht vum Zitéieren aus dem Internet bis zur "Spitzenauslese" entwéckelt. Bei eenzelnen Artikeln stoungen eng Dosen Zitater, mee et konnt kee schreiwen, a wat fir engem Buch vun deeër Damm oder deem Här déi da stoungen, an ob iwwerhaapt richteg zitéiert gouf. Dee Saz, ëm deen et hei geet léisst sech eigentlech net aneschters ausdrécken, mengen ech. Wéi sot ee Bekannten: "Et kann een alles behaapten":-)) --Cornischong 08:33, 29 Nov 2004 (UTC)

Lo gëtt net méi bahaapt. --Cornischong 10:39, 6 November 2006 (UTC)