Diskussioun:Pangramm
Sujet derbäisetzenAusgesinn
Leschte Kommentar: viru(n) 5 Méint vum GilPe am Sujet Lëtzebuergescht Alphabet: Wat gehéiert dran?
Lëtzebuergescht Alphabet: Wat gehéiert dran?
[Quelltext änneren]Salut @GilPe,
wat fir Buschtawen zielen an dësem Kontext zum lëtzebuergeschen Alphabet? An eisem Artikel dozou kommen nieft deenen übleche 26 Verdächtegen nach ä ö ü à ç é ê ë ô û an d'Spill. Hei am Artikel ginn awer nëmmen ä ë é ü als Zousazbuschtawe genannt. Zielen déi Buschtawen, déi just iwwer Friemwierder an eis Sprooch kommen, net zu eisem Alphabet? --Volvox (Diskussioun) 14:05, 29. Mee 2025 (UTC)
- 'n Owend,
- Der Lëtzebuerger Grammatik no, huet eist Alphabet 26 Buschtawen (a – z) an zousätzlech 3 Ëmlauten (ä, ö, ü). Dat heescht wuel, datt à, ç, é, ê, ë, ô, û net sonner gezielt ginn. Ech probéieren, dat am Artikel méi kloer duerzestellen.
- (cf: Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2, p. 13)
- GilPe (Diskussioun) 20:32, 29. Mee 2025 (UTC)
- Hmm, an deem Fall dinn ech mech schwéier mat där Grammaire d'accord ze sinn. A mengen Ae koherent wier et bei d'lëtzebuergescht Alphabet
- just d'Grondbuschtawen ze zielen a Buschtawe mat Diakritika net als eegestänneg Buschtawen ze consideréieren,
- d'Grondbuschtawen a Buschtawe mat Diakritika als eegestänneg ze consideréieren an
- just déi Buschtawe mat Diakritika als zum Alphabet ze zielen, déi a „reng“ lëtzebuergesche Wierder virkommen (dat wieren deemno warscheinlech ä ë é ü, woubäi sech iwwer d'Grenze vu „reng“ sécher streide léisst) oder
- all Buschtawe mat Diakritika déi iwwerhaapt an iergendwelleche lëtzebuergesche Wierder virkommen (dann hätte mer net nëmmen ä ö ü à ç é ê ë ô û, mee mindestens nach â è î derbäi).
- Just ä ö ü matzehuelen ergëtt a mengen Aen net vill Sënn (deet mer leed, Grammaire). --Volvox (Diskussioun) 20:54, 29. Mee 2025 (UTC)
- P.S.: Amplaz vu „reng“ lëtzebuergesch Wierder an iergendwellech lëtzebuergesch Wierder hätt ech villäicht besser vu lëtzebuergesch Wierder a Friemwierder geschwat. --Volvox (Diskussioun) 21:02, 29. Mee 2025 (UTC)
- P.P.S.: Ech froe mech, ob ech den ö net awer zu deene „rengen“ ziele géif. Wann ech soen, ech hätt mech wéi blöd geföönt, kommen ech mer net vir, wéi wann ech grad zwee däitsch Friemwierder benotzt hätt. --Volvox (Diskussioun) 21:39, 29. Mee 2025 (UTC)
- P.S.: Amplaz vu „reng“ lëtzebuergesch Wierder an iergendwellech lëtzebuergesch Wierder hätt ech villäicht besser vu lëtzebuergesch Wierder a Friemwierder geschwat. --Volvox (Diskussioun) 21:02, 29. Mee 2025 (UTC)
- Hmm, an deem Fall dinn ech mech schwéier mat där Grammaire d'accord ze sinn. A mengen Ae koherent wier et bei d'lëtzebuergescht Alphabet
- Jo, du hues net Onrecht. Et gëtt sécherlech e puer Iwwerleeunge wat zum lëtzebuergeschen Alphabet gehéiert a wat net. Firwat datt d'Grammaire effektiv just déi dräi Ëmlaute bei déi 26 Grondbuschtawen derbäi zielt, weess ech och net. Ech froe mol beim Kommissär vun der Lëtzebuerger Sprooch no, firwat dat esou ass an ob et eventuell nei Erkenntnisser gëtt… | GilPe (Diskussioun) 06:15, 30. Mee 2025 (UTC)
- Salut @GilPe, ech wollt kuerz nofroen, ob mer scho méi gewuer goufe vum Kommissär. --Volvox (Diskussioun) 12:00, 8. Aug. 2025 (UTC)
- Moie @Volvox,
- De Kommissär huet sech nach net gemellt… mä dat hänkt net un him, mä u mir; et deet mer Leed, ech hu vergiess en ze froen ;-). Ech schreiwen mer dat emol uewen op meng to-do-Lëscht. | GilPe (Diskussioun) 16:44, 9. Aug. 2025 (UTC)
- Salut @GilPe, ech wollt kuerz nofroen, ob mer scho méi gewuer goufe vum Kommissär. --Volvox (Diskussioun) 12:00, 8. Aug. 2025 (UTC)