Diskussioun:Pilzeräich

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Huet een eppes dogéint wann ech dës Foto aus der Tabell duerch eng eegen ersetzen ? --Alexandra 11:36, 25 November 2005 (UTC)

Wann deng grad esou schoarf ass, da gesinn ech do kee Problem. --Otets 12:04, 25 November 2005 (UTC)

Pilz oder Champignon[Quelltext änneren]

Heeschen d´Fungi net éischter Champignonen op lëtzebuergesch? Ech wëll jo net pedantesch sinn, mä Pilz ass mier perséinlech net geleefeg. Kaffi 12:45, 25 November 2005 (UTC)

Pilz soll déi direkt Assoziatioun mat Champignonen (Agaricus sp.) fir z'iessen verhënneren, well et jo nach eng ganz Rei aner Aarte gëtt déi oft guer net un e Champignon erënneren, z. B. Schimmelpilzer, do seet e jo och net Schimmelchampignonen ;-) --Marcus 13:14, 25 November 2005 (UTC)

"De gudde Pilz" an déi aner[Quelltext änneren]

Dat neit "Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch" (Wierderbuch, also e bësse kuerz gebonnen) gëtt als eenzeg Iwwersetzung vu Pilz "Champignon " un. Dat aalt "Luxemburger Wörterbuch" kennt de "Pilz" an nennt den "der echte Champignon" --> "de gudde Pilz". Dat fir den theoreeteschen Deel. Dat ass alles e bëssen "Hausmaacher", mee ech mengen mer kéinten domat liewen. (Ech selwer wollt se Fungi nennen, mee dat ass iwwerstëmmt ginn. Et hätt och hei (!) zevill "exotesch" geklongen). Dat ganz neit Wierderbuch, dat um Amboss läit, ass beim Buschtaf A ukomm. Also danze mer mat deene Meedercher, déi .... --Cornischong 13:29, 25 November 2005 (UTC)

Gudden Appetit[Quelltext änneren]

"Déi beléifst sinn d´Stännerpilzer, well si net nëmmen eis mee mir och si iesse kënnen." Do sinn ech awer berouegt, datt si net nëmmen eis, mee mir och si iessen ... den éischten ass vir ;-))) Myriam 23:42, 20 Juli 2006 (UTC)

Hahahaha, wous du Recht hues....  :-))) dat kléngt jo geféierlech. Wisst een elo nach gudd wat domat gemengt wier ?? :-) --Alexandra 06:21, 21 Juli 2006 (UTC)


Moien,

Ech ka mech iren, mee gëtt et dat Wuert Dréischel oder Dréischlek net am Lëtzebuergesche fir Champignonen? Les Meloures 10:06, 24. Mäe 2008 (UTC)


Moien,
Den LOD kennt eng Dréischel als Synonym vum Wisechampignon. GilPe (Diskussioun) 09:24, 21. Nov. 2021 (UTC)[äntweren]

A wa se net gestuerwe sinn, ............[Quelltext änneren]

"Dat aalt "Luxemburger Wörterbuch" kennt de "Pilz"" hat schonns een op dëser Säit geschriwwen. All deenen, déi nach weider potere wëllen (haut hunn d'Dokteren zou, an d'"Wartesäll" (!!) sinn et och), wënschen ech nach e schéinen Dag mat ville flotten Diskussiounen. --Cornischong 10:48, 24. Mäe 2008 (UTC)

Futtis Linken[Quelltext änneren]

E puer Linke si futti: Beim deem vun der Stané public gëtt een direkt op d'Haapstäit weidergeleet an dee vun den Timbere geet guer net méi (de mycologie.lu gouf duerch grm.lu ersat an den TED-Talk-Link konnt gefléckt ginn). Ech hu lo einfach <small>[futtisse Link]</small> hannert déi futtis Linke geschriwwen. Gëtt et op der lb-Wikipedia iergendwellech Konventiounen, wéi een dat an deem Fall markéiert, oder soss Virgoensweisen?

--Volvox (Diskussioun) 15:21, 19. Nov. 2022 (UTC)[äntweren]