Diskussioun:Police grand-ducale

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vu, dass d'Gendarmerie eng eegestänneg Verwaltung waar, séilt et en Artikel doriwwer ginn (aleng aus historeschem Interessi). Daat ass och z.B. an der engleschsproocheger Wikipedia esou. Zelwescht séilt et en Artikel "Police" iwwer d'Police am Allgemengen (net jhust zu Lëtzebuerg) ginn. Béid uewe genannten Artikel einfach op "Police Grand-Ducale" weiderzeleeden fannen ech net richteg, vu dass ech net Administrator si, kann ech awer och näischt drunn änneren.

Moien,

bis ewell ginn et déi Viruleedungen, well et (nach) keng Artikelen dozou ginn. Du hues natierlech Recht. Falls Du eppes zu Gendarmerie grand-ducale, resp. Police a Gendarmerie allgemeng ze schreiwe wéisst, wier dat natierlech ideal. An deem Fall d'Viruleedung einfach als Artikel ëmschreiwen (dat ka jiddereen) an dann am Artikel mat Link oder "Kuck och" op dësen Artikel hei verweisen.

Zéck net ze froen, wann eppes net kloer ass.

--Zinneke 12:49, 27. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien
Ech hu mol iwwerall do wou de Link Police op d'Police-grand-ducale soll weisen d'Viruleedung duerch den direkte Link ersat.. Déi zwou Viruleedunge goufe geläscht, well et sech net ganz gutt ugeséit wann een an engem Artikel vun z.B. der franséischer Revolutioun op d'Police grand-ducale weidergeleet gëtt. Fir déi Linke misst en Artikel iwwer d'Police am Allgemengen duerhalen. En Ufank vun der Gendarmerie grand-ducale ass an der Maach.
Les Meloures 12:58, 27. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]