Diskussioun:Pont grande-duchesse Charlotte

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

well zër Zäit vun hirer Konstruktioun et just een eenzegt Mëttel géint de Rascht gouf dat dofir gëeegent war, an dat war ebe rout.

daat ass alt sou eng Behaaptung dei nit onbedingt stömmt et goufen nämlich och schon zu déer Zeit Antiraschtfuerwen du nit rout waaren. Les Meloures 12:59, 12 Juli 2006 (UTC)

De Problem an alle Wikipediaen: Do gëtt behaapt, datt d'Fatze fléien; a wann s de eppes a Fro stells, da ginn d'Behaapter schrecklech beleidegt. A wann s de no enger Quell frees, da gi se réischt tichteg rosen. (Net all; net all).--Cornischong 13:15, 12 Juli 2006 (UTC)

De Konstruktiounstyp vun der Bréck ass bekannt mee d'Fro ass wéi deefe mer dat Kand op lëtzebuergesch oder solle mer do déi däitsch a franséisch Variant uginn well op lëtzebuergesch gëtt et komplizéiert Et wier op Lëtzebuergesch eng Huelkëschtendunnebréck op Stäipen. Kann en dat sou unhuelen (vum Les Meloures)

Wann näischt méi exotesches kënnt wéi d' Huelkëschtendunnebréck op Stäipen, da gesinn ech guer kee Problem. Dat liicht jidderengem an. --Cornischong 15:02, 4 Januar 2007 (UTC)


Moien,

Ech liesen hei

Si gouf no Pläng vum Architekt Egon Jux gebaut an 1965 ageweit.
Meng Fro: Wéini soll dat 1965 gewiescht sinn. Ech hunn do als LGL Schüler en Datum no dem 15 September 1966 a mengem Vehalt stoen, a wann ech mech gutt kann erënneren ass deen Daag och d'Robert Schuman-Monument ageweit ginn, an d'Héichhaus um Kierchbierg ass och deen Dag opgaangen, an et huet gereent wéi all näischt gutts. Just de geneeën Dag wees ech leider och net méi. Les Meloures 21:51, 9 Oktober 2007 (UTC)