Diskussioun:Pornographie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mer hunn hei een, dee sech drunhält mat "En Artikel ouni Fot(en) ass keen". Hei hu mer e quokelegt Thema, wat d'Illustratioun ugeet. Wann ech sou an deenen anere Wikie kucken, da gesinn ech ë.a. en Titelbild vum Playboy. Wat wëllen, däerfen, musse mär dann hei illustréieren?? freet emol ganz onopfääleg de --Cornischong 22:35, 19 Januar 2006 (UTC)

Quokeleg: Super, méi lëtzebuergesch geet et jo net méi. Ech mengen dat Wuert huet och nëmmen duerch d'Noriichten e neien Highlife erlieft (fir et emol lëtz. auszedrécken). Mee dovun ofgesinn hunn ech mer déi Fro och gestallt. Am Prinzip ass jo géint en Thema Pornographie näischt auszesetzen, mee ass awer wéi gesot "touchy", wëll heeschen quokeleg. Sief iech iwwerlooss als Admin géif ech mol soen.

Wéi wier et da mat enger antiker Fresk (z.B. vu Pompei)? Dat hätt dann och zwee Virdeeler : Zum Engen d´Illustratioun vum historësch-kulturelle Kontext, zum Anere géif "d´Kierch am Duerf bleiwen" ...

Nach eppes anescht: misst dat net Loschtgekéims amplaz Loschtgekeims heeschen? Gekeims ass an dësem Zesummenhang e bëssen ... äh ... quokeleg ;-) Kaffi 00:20, 20 Januar 2006 (UTC)

Tjo, dat ass "Loschtgekäichs" oder "Loschtgekëmms". 't dee mer Leed, dat anert huet och "plausibel" geklongen:-)

Ech weess net wat do nach soll korrekt sinn. Mat antike Saache maache mer eis dach och lächerlech (entschëlleg Kaffi) oder? Also muss eppes zäitgeméisses "stilvolles" (ok, dat ass net wierklech lëtzebuergesch) heihinn. Myriam 00:33, 20 Januar 2006 (UTC)
"eppes zäitgeméisses "stilvolles"" : A wat däerfe mer eis dorënner virstellen freet sech de --Cornischong 00:50, 20 Januar 2006 (UTC) dee fir all Virschléi en oppent Ouer huet.

Gekëmms, dat war et. Hunn et elo verbessert. Fir d'Foto: dat gëtt e Spagat, well soubal et stilvoll ass, gehéiert éischter bäi den Artikel "Erotik" (deen ass nach ze schreiwen), an esoubal et explizit ass, ass et vläicht schonn zevill. D'Fransousen hunn do eng erfonnt, e Bild dat just opgeet wann een extra drop klickt (mee et ass och ze gesinn esoulaang et nach lued). --Otets 01:13, 20 Januar 2006 (UTC)

Einfach Zeechnungen oder Skulpture vläicht? Oder dëst :-))) --Uditex 11:06, 20 Januar 2006 (UTC)

De Ken an d'Barbie? Da léiwer guer keng Foto! --Mascamon 16:18, 21 Januar 2006 (UTC)