Diskussioun:Portal:Astronomie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wier et net interessant, eng Partie fir Artikelwënsch unzeleeën? --Volvox 09:44, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien, Nee ech sinn net ageholl vun esou enger Spart. Wee soll déi Artikele schreiwen ? Ech hu perséinlech iwwer 90 % vun den astronomeschen Artikelen geschriwwen, sinn vun 2006 derväi an hunn e Probleem mat den Aen. Ech wäert weider versichen Artikelen ze schreiwen, mä wann sech Leit bereet fannen och Artikelen ze schreiwen, da wäer dat kee Problem. Fir mech gëtt et awer lues a lues e grousst Problem, sorry, ech sinn net waarm fir esou eppes ze maachen.
Mat beschte Gréiss a merci fir Verbesserungen vun den Artikelen --SITCK 10:16, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien Där zwéin. Ech sinn enger Meenung mam SITCK: Mer sinn hei (nach (ëmmer)?) zu ze wéineg, als dass déi puer, déi hei schreiwen, méi géifen/kinnte maachen, wéi wat se souwisou hei zwaffen. Wonschlëschte giffen zu net vill féieren, ausser, dass een an deeër Zäit, wou een déi Lëscht opsetzt, hätt kënne schonn een Artikel schreiwen... An all roude Link ass jo schonns e "Wonsch", gebléizt ze ginn (net ze schwätzen vun de Meta-"Artikelen, déi et op all Wiki/dëser Wiki soll ginn"-Lëschten. Ech hoffen, dat bremst Dech net an dengem Elan, Volvox; schreif duer mam Wëssen, fräi Hand ze hun ;-)

An net ze vergiessen dem SITCK eng gutt Besserung op dësem Wee gewënscht! --Zinneke 15:32, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Dofir hunn ech natierlech Verständnis a wënschen dem SITCK och eng gutt Besserung. --Volvox 15:42, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend a MERCI un Iech fir d´Versteesdemech a fir déi léif Wënsch --SITCK 16:04, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]