Diskussioun:Portal:Australien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien. Wann ech d'Säit Portal:Australien opmaachen, gesinn ech zimmlech vill duerchernen op mengem Ecran, z.B. Texter déi net an hire Këschte stinn, Këschten déi sech iwwerschneiden oder verdecken asw. Läit dat u mengem Browswer (IE7) oder ass dës Säit schlecht formatéiert? Wat seet d'Vollek? --Pecalux 08:52, 30 Juli 2007 (UTC)

Moien,
Ech gesinn dat och mat MF 2.0.0.5, mee mat IE 6.0 ass alles an der Rei.--Fliedermaus 09:13, 30 Juli 2007 (UTC)

Gudde Moien,

Bei mir ass am Prinzip am Internet explorer alles an der Rei. Ech well just drop opmierksam maachen datt d'Portal an enger Breet vun 950px ugeluecht gouf. Doduerch ass e forcéiert fir mat der ënneschter Scrollläischt ze manipuléieren.

Dofir meng Fro: ass et net méiglech fir se an enger 800px Breet unzeleeën. Domatter ginn dann och vläicht déi Iwwerschneidungsproblemer am Firefox geléist.

Les Meloures 10:22, 30 Juli 2007 (UTC)

Hun t'Breet op 800px gemaat... :) Schaffen mam IE 5.0 an gesin alles "normal"... :) Zéien maer heno mol den Firefox eroof an kucken maer t saach emol domadden un fir se emzeäneren--Jeff pez 10:48, 30 Juli 2007 (UTC)

Huet nach ëmmer een ee Problem mam Design bei sengem Browser? --Jeff pez 09:38, 31 Juli 2007 (UTC)

Salut. Ma nawell. Dat Wäisst riets staamt vum "breede" Monitor; dat Geschrumpels awer kaum..--Cornischong 10:05, 31 Juli 2007 (UTC)

Jo, ech hunn och nach ëmmer d'Probleem, dass d'Texter méi grouss sinn wéi d'Këschten wou se sollen dra sinn. Doduerch iwwerdecken se aner Texter oder Biller a Këschten. --Pecalux 10:43, 31 Juli 2007 (UTC)

Horrifying to view with Firefox. :-(( Best regards --87.187.9.124 19:12, 1 August 2007 (UTC)

Geniesgackelcher[Quelltext änneren]

Am IE7 gesäit et verkrëppelt aus, am Opera 9.2 geet et nach mat, an am Firefox 2 gesäit et gräisslech aus. Dat ass also dobäi erauskomm, wann e Genie gewäerde gelooss gëtt. Läsche mer dat ganzt Portal, oder wéi een dat nennen wëll, an da gi mer net méi un dat erënnert, wat dee Mann fir eis geleescht huet? An der Tëschezäit wäert deen un den de-Wiki-Portaler schaffen, do bleift jo nach jett ze verwurschtelen.--Cornischong 20:08, 1 August 2007 (UTC)

Eisen Hyperkinetiker huet op senger de-Usersäit ënner "Portal & Divers" stoen, datt hie beim "Luxemburgische Australien Portal" (sic!) sech ëm d' "Verwaltung & Herstellung" këmmert oder gekëmmert huet. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Benutzer:Jeff_pez ). "Loosse mer et dobäi? Ech froen nëmmen. Wat nach do steet: "Diese Person beherrscht Deutsch auf annähernd muttersprachlichem Niveau." Ma da sinn ech berouegt. --Cornischong 20:26, 1 August 2007 (UTC)

Salut
Ech géif et emol epuer Deeg stoe loossen. Et besteet jo d'Méiglechkeet datt mer et eng Kéier ënner d'Lupp huelen a flécken. Et ass jo net alles schlecht drun. Mat e puer Frécklereien am Opbau misst do eppes dra sinn. Les Meloures 20:45, 1 August 2007 (UTC)
Gudde Moien
Nodeem ech mer et nach eng Kéier iwwerluet hunn, sinn ech der Meenung dass mer de Portal: Australien solle läschen, an zwar aus dëse Grënn:
A. Esou vill Artikelen iwwer Australien hu mer nach net. Doduerch huet de Portal, niewent senger schlechter Formatéierung, haaptsächlech rout Linken. Dat ganzt mécht kee ganz gudden Androck.
B. Warscheinlech ass et net méi Aarbecht, spéider eng Kéier e neie Portal ze baue wéi dee verschassenen aktuellen ze flécken. --Pecalux 08:32, 2 August 2007 (UTC)
Da geheien ech en emol eraus. Wann e Mënsch dat do gesäit, kéint deen nach dat Richtegt mengen. Wann ee mengt, dat misst nees ness aus dem Lokus gezu ginn, da léisst dat sech och maachen. Merci mol fir deng kloer Äntwert. --Cornischong 08:52, 2 August 2007 (UTC)