Diskussioun:Prënzbistum

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

(eriwwerkopéiert vun Diskussioun:Vereenegt nidderlännesch Staaten)

Gudden Owend!

Wat ass ee "Prënzbistum"? Firwat ass "Fürstbistum" net gutt? Ass dat ze däitsch oder ze richteg? Wa scho Neologisme geschafe ginn, firwat net éischter "bëscheeflech Principautéit"? E "Fürst" ass och oder war ee Prënz, sécher. Mee ëmgedréint ass ee Prënz nach laang net ëmmer ee "Fürst". Que faire? Perséinlech kënnt ech mat "Fürstbistum" liewen (sou, wéi mer och "Tatsaach" oder "Fragezeeche" soën, a net "Dootsaach" a "Froënzeechen"...) oder mat "bëscheeflech Principautéit". Mat "Prënzbistum" kann ech mech definitiv net ufrënden! Salut, R.D.

Moien,
Ech mengen Dir sollt dës Diskussioun op de Staminee verleeën. Do kann dann ofgestëmmt ginn wat mer als Lemma behalen. Les Meloures 18:55, 28. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Schéin, datt der nach mat mer schwätzt: dir hutt mech gëschter fir 3 Méint gespaart... R.D.

Dann hat der gëschter ënner enger anerer Ip eppes gemaach, wat der net hätt sollen. Les Meloures 22:31, 28. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien. D'Diskussioun gehéiert, wa schonn, hei hinner. Virwat hunn ech dat "Prënzbistum" genannt? Well et ménges Wëssens no nach keng historiographesch Quell op Lëtzebuergesch gëtt, wou draus ervir géing, wat dee gängen Ausdrock dofir wier. Ech hunn also ee missen "erfannen", respektiv méiglechst no vun engem sproochleche Virbild vun enger Nopeschsprooch noëmfannen.

Op däitsch heescht dat "Fürstbistum", oder, méi genee, "Hochstift". D'Frankophon soen "Principauté épiscopale", resp. "Prince-évêque" fir den Herrscher. Op hollännesch ass et "Prinsbisdom" a "Prins-bisschop". Ech fannen deemno "Prënzbistum" net esou ofweegeg, och, well amA "bëscheeflech Principautéit" méi schwéierfälleg ass. "Fürstbistum" ass eng valabel Alternativ (wärend ech bei "Hochstift" héchstens u Bläistëft denken...)

Faute de mieux musse mer improviséieren, a kee gëtt gehënnert, eege Wierder/Ëmschreiwungen ze gebrauchen, déi all mat Redirekten erëmzefanne sollte sinn. D'Haaptsaach, den Inhalt vun den Artikelen fëllt sech (an d'Diskussiounssäite just, esouwäit et néideg ass)--Zinneke 08:46, 29. Sep. 2010 (UTC)

Merci, Här Zinneke, mat ärer Äntwert kann ech liewen. Ech hat och un den hollänneschen Ausdrock geduecht, fir ee "lëtzebuergescht" Wuert ze schafen, mee do duecht ech, datt mer mental dach méi no beim Däitsche läie, wéi beim Hollänneschen. Duerfir mengen ech, datt "Fürstbistum" dach der Geschicht (aus eiser Siicht) méi gerecht gëtt. Mee... wie mengt, dee weess näischt. An ech fäerten, datt all "Fürstbistum", deen ech kéint aginn, direkt a rabiat ewechgebotzt géif ginn. Wier et méiglech, all Kéier wou mer ee "Prënzbistum" behandelen, fir nieft der éischter Erwähnung an a Klammeren << (dt.: Fürstbistum) >> ze schreiwen? Ofgesinn dovunner gëtt am Historikerjargon nach laang net alles iwwersat! A mir, déi tëscht zwou Kulture läien, iwwerhuele vill Wierder tel quel aus dem Franséischen oder aus dem Däitschen. Oder seet ee "Räichsaarbechtsdéngscht", fir nëmmen ee Beispill ze nennen? Mer musse viirsichteg bleiwen, a flexibel. Net eppes, datt discutabel ass, an d'Welt setzen, an da soën: dat bleiwt elo sou, well soss musse 17639 Linke verbessere goën... Salut, a nach eng Kéier: Merci! R.D.

"Flexibel bleiwen", wat Ausdréck ugeet, ass d'Haaptwuert hei. "Fürstbistum" besteet jo schonn als Redirect, d.h., Een, deen dat uewen an d'Sichkëscht agëtt, kënnt op deen Artikel hei. An engem Artikel, wou vun engem "Prënzbistum" rieds geet, ass dat Wuert mat deem Artikel hei verlinkt, wou een déi sëllechen Nimm fënnt als Erklärung. Vu mär aus kann et gär, wann noutwänneg fir d'Verstoen, "Fürstbistum" a Klameren an deen een oder aneren Artikel bäigesat ginn.

Natierlech muss a soll net alles blannemännches iwwersat ginn. Ausdréck, déi an enger bestëmmter Sprooch eppes ganz bestëmmtes mengen, bleiwen natierlech tel-quel oniwwersat (wéi Endlösung, Ostarbeiter oder Reichsarbeitsdienst, fir just e puer aus dem "Nazi-Jargon" ze nennen). De Prënzbëschof war awer näischt spezifesch Däitsches, dofir sollte mer scho probéieren, dee sproochlech hei ënnerdaach ze kréien.

--Zinneke 10:18, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

PS: D'Remarque mat de "17639 Linke verbesseren" ass net aus der Loft gegraff: Den Text vum Artikel ass eng Saach, d'"Technik" (d.h. Hyperlinken op aner Artikelen a Wikien) eng aner: Déi fonctionnéiert nëmmen, wann een dee geneeë Begrëff, sou wéi den Artikel heescht, gebraucht, soss féiert en néierenswou hin. Dofir: Wat blo am Artikel steet (tëscht enger Koppel eckege Klameren, wann een en ännert), ass en Hyperlink op deen Artikel. Wëllt Der, datt den Text anescht ass wéi de Link/Lemma selwer, ass d'Syntax déi heiten:

Huele mer un, Dir schreift de Saz "Virun der Franséischer Revolutioun gouf et vill Prënzbistümer" an engem Artikel a wëllt, datt eng Verknëppung op d'Lemmata "Franséisch Revolutioun" a "Prënzbistum" gesat gëtt, wou een duerch klicke méi zu deen 2 Theme gewuer ka ginn.

Wann een dat esou mécht: "Virun der Franséischer Revolutioun gouf et vill Prënzbistümer" féieren déi Linken néierens hin (se si rout), well d'Lemma "Franséisch Revolutioun" ass an net "Franséischer Revolutioun", respektiv Prënzbistum an net Prënzbistümer.

Wéi kritt een dat elo riicht gebéit? Mat där heiter Syntax:

"Virun der [[Franséisch Revolutioun|Franséischer Revolutioun]] gouf et vill [[Prënzbistum|Prënzbistümer]].

Dat gesäit een dann als Text esou:

"Virun der Franséischer Revolutioun gouf et vill Prënzbistümer."

Ech hoffen, dat mécht kloer, datt een deem entspriechend an den Artikelen Hyperlinken op Lemmata, déi et gëtt, net einfach ëmännere ka goen. Wann den Text anescht soll sinn, wéi d'Lemma, geet dat nëmme wéi elo grad beschriwwen.

--Zinneke 10:18, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Aus der selwechter Ursaach däerf een och keng Interwikilinke verbessere goen. Well déi, déi do stinn, si scho richteg an entspriechen de Lemmata an den anere Sproochen. Onbegrënnt Ännerunge bei sou Interwikilinken brengen ëmmer nodréiglech Verbesserungen duerch aner Mataarbechter mat sech. Wann esou Ännerunge mol iertëmlecherweis duerch en ageschriwwene Benotzer gemaach gouf, kann een deen drop opmierksam maachen. Wa se duerch eng IP gemaach goufen, gëtt dat emol direkt als Vandalismus betruecht an déi IP gëtt gespaart, vu datt d'Kommunikatioun an deem Fall net ëmmer garantéiert ass. Wann dat ze dacks an Texter virkënnt gëtt och gespaart. Les Meloures 10:47, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci fir all déi Prezisiounen. Ech wäert mäi Bescht maache, fir d'Regelen ze respektéieren. Mee op mengem Ordinateur ass de vertikale Stréch esou: ¦ . Ech gesi keen aneren, a fäerten, datt deen deen ech hunn, net funktionnéiert... Iiren ech mech, hunn ech eppes iwwersinn oder...? Bis geschwënn, R.D. Hei sinn ech erëm. Ech hu lo grad eréisch gemierkt, datt bei mir um Computer den << | >> als << ¦ >> erauskënnt an ëmgedréint!!! Ass dat op äre Computeren och esou? Op der Tast mat der 1 ass driwwer de + an donieft | ...deen als ¦ erauskënnt! Komesch, nee? D'Tast mat der 7 huet uewen, iwwert der 7, ee / , a nieft der 7 dat heiten: ¦ , wat awer als | erauskënnt. R.D.

Moien nach eng Kéier. De vertikale Stréch ass je no Clavier (Azerty FR, Azerty BE, Qwerty, Qwertz DE a Qwertz CH) oder Computertyp (PC oder Mac) op verschiddene Plazen. Hei geet nëmmen déi Versioun, déi net an der Mëtt ënnerbrach ass (|), soss geet et net. Wann nët, fënns De n en och, wann s D'en Text schreifs oder änners, op der Säit ënnen an der Rei vun de Sonnerzeechen fir drop ze klicken (tëscht den eckege Klameren an den Akkoladen). --Zinneke 16:40, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Et kann een um Clavier och d'"Alt-Tast" drécken (net lasslossen) an da riets um Clavier am Nummerefeld noeneen d'Zuelen "1", "2" a "4" drécken, an dann d'"Alt-Tast" lassloosen. Da misst den "|" op de Bildschierm kommen.--Fliedermaus 16:43, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, Léck a Salzbuerg, z.B., ware "Fürstbistümer" oder "Prënzbistümer". Metz, Toul a Verdun - souwäit ech weess - ware/si Stied, déi jeweils Sëtz vun engem Bëschof woren/sinn, an déi relativ fréi vu Frankräich besat gi sinn, wéi dat Land, a sengem éiwege Kampf géint d'Emklamerung duerch d'Habsburger, d'Grenze Richtung Rhäin wollt verréckelen. Ech menge net, datt een hei vu "Fürstbistümer" ka schwätzen. Ech kucken dat zwar nach méi genee no. Salut, R.D.

Moien, merci am viraus fir d'Nokucken. All Verbesserung/Spezifizéierung an deem Kontext ass wëllkomm. Den Artikel ass jo bis ewell just eng Skizz, net vill méi wéi eng Definitioun. --Zinneke 09:01, 13. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]