Diskussioun:Providers

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dësen Artikel richt staark no Publizitéit. -- Pecalux 14:49, 25 Mee 2006 (UTC)

net Reklamm, Stil![Quelltext änneren]

D'Fro ass net, ob et den Artkel hei indirekt Reklamm mécht, oder net, mee wat problematesch ass, ass de Stil.

Et ass dem DWDrums säin éischten Artikel hei, dofir vläit e puer Wuert dozou: D'Wikipedia ass z.B. keng Homepage fir Publikatiounen, kee Verlag, wou ee seng Gedichter verëffentleche kann, a keen Chatroom, wou een iwwer Gott an d'Welt potere kann. Dofir ginn et eege Medien/Foren am Internet. Wikipedia ass, per Definitioun, eng Enzyklopedie, an dofir och enger gewësser inhaltlecher (Neutralitéit, Vollstännegkeet,...- a stilistescher Konventioun verflicht. Woumat mer da beim Stil wieren. Dat einfachst, DWDrums, ass, du kucks der emol verschidden Artikelen un (gär och an aneschtsproochege Wikipedien) fir e bësse "Feeling" dofir ze kréien, wi a wat ee schreiwe kann, a wéi a wat net. Sätz wéi "Sou elo fehlt erem eng Sängerin. Kee Probleem. Hei ass d'Marianne. Mat him ass och de Marco (Trombone) an de Marc (Trompett) komm (...) sinn zwar u sech flockeg-locker geschriwwen, passen awer vum Stil hir net (grad esou wéineg, wéi wann ee giff hei an Alexandriner schreiwen). Dorëms geet et. An dat misst iwwerschafft ginn.

user:zinneke 20:50, 25 Mee 2006 (UTC)

e klenge Bléck op Wikipedia:Eis Schreifweis wier net vu Mutwëll :-) --Cornischong 21:04, 25 Mee 2006 (UTC)

Fannen den Artikel ganz gudd an absolut keng Pub !!![Quelltext änneren]

Also ech fannen den Artikel u sech ganz an der rei, a si guer net domat averstanen, dass et an de Beraich Publicitöit fällt. Ech sin der Meenung et misst een eng Lëscht mat all de bekannten Coverbands an der Wiki publizéiren. Schliesslech ass dat en groussen Deel vun eiser Kultur, an en Domaine deen e ganze Koup (virun allem Jonk Leit) intresseiert. Allerdéngs misst ee secherlech op d'Verfaassung bei esou engem Artikel oppassen, fir d'Neutralitéit ze respektéiren. --Alain 08:55, 26 Mee 2006 (UTC)$

Ech fannen dass den Artikel an der Rei ass. En erzielt jo eigentlech just d'Geschicht vun der Band. Eppes anescht wier et, wann Datumer giffen do stoen wéini si giffe spillen oder esou.

Dat eenzegt ass eben, dass de Stil net der Wiki entsprécht, wéi den Zinneke scho sot, an och wéi de Cornichong hiweist dass et net vu Mutwëll wier emol bei der Schreifweis nozekuken. --Alexandra 09:34, 26 Mee 2006 (UTC)

De Stil an d'Schreifweis[Quelltext änneren]

"2003! E ganzt grousst Joër. D’Providers feieren e riise Fest." - Hei geet et net ëm e "grousst Joer", hei ass et e "ganz grousst" Joer. Hei gëtt net e Fest gefeiert, hei ass et e "riise Fest". Just firwat kritt "riise" zwéin "i"? Firwat liest de keen d'Schreifweis-Säit duerch? Mengen der nach ëmmer, mär kéinten d'Lëtzebuergescht "egal wéi" schreiwen. A wann een dann roueg op d'Schreiweis opmierksam mécht, da geschitt guer näischt!!!!! Hei gëtt kee bezuelt fir anerer hir Schreifweis-Nonchalance ze verbesseren. E bësse Méi däerfe mer awer nach erwaarden. Zum Alain sengem "et misst een eng Lëscht mat all de bekannten Coverbands an der Wiki publizéiren". Firwat net? Mee wien ass deen "een"? --Cornischong 10:03, 26 Mee 2006 (UTC)

De Repertoire[Quelltext änneren]

Ech wëll net ongedëlleg sinn, mee de Repertoire feelt. Esou kritt de Kieser kee Begrëff, wat fir eng Zort Musek gespillt. Merci am Viraus. E Luef: Déi Fotoë sinn tipptopp a "maache" gutt am Artikel!! --Cornischong 10:36, 26 Mee 2006 (UTC)

Merci fir de Luef. Den Repertoire as elo do, leider e bessen oniwersiichtleg, mee et sin 300 an e puer Lidder DWDrums 17:21, 26 Mee 2006 (UTC)