Diskussioun:Punkt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

"déi entscheedend Haaptsach vun enger Ugeleeënheet, kuckt spréngende Punkt ": dat wier jo "e Punkt, dee spréngt". Ausser "kache Waasser" hu mer praktesch kee Partizip présent. Also kee fuerenden Auto, kee falende Ball, ... --Cornischong 22:26, 7 Februar 2007 (UTC)

Problem geléist Les Meloures 22:46, 7 Februar 2007 (UTC)
Et gëtt keng Iwwersetzung bei ons fir springender Punkt a wann ech bei eisen däitschen Nopere kucken, da mierken ech datt déi hiert eegent Wuert net verstanen hunn, well hire Link erklärt eppes ganz aneschtes wéi an der Homonymie verzielt gëtt. Les Meloures 22:46, 7 Februar 2007 (UTC)

"Als Schrëftzeechen steet d’Wuert Punkt fir: ..... Trema, en diakritescht Zeechen": Wéi kann d'Wuert Punkt fir zwéin Tëppele stoen? --Cornischong 23:10, 7 Februar 2007 (UTC)


"dat duerch e Schreifgriffel an eng Wuestafel gestachent Sazzeechen" : Ausser "kache Waasser" hu mer praktesch kee Partizip présent. Also kee fuerenden Auto, kee falende Ball, ... --Cornischong 23:13, 7 Februar 2007 (UTC)

De Cornischong huet zwar Recht mam Partizip Present, mee hei geet et ëm e Partizip passé, deen adjektivesch gebraucht gëtt... Allerdéngs giff dat mat engem Relativsaz besser kléngen: "...d'Sazzeechen, dat duerch e Schreifgriffel an eng Wuestafel gestach gëtt."--Zinneke 23:40, 7 Februar 2007 (UTC)